Critérium du Dauphiné: 6. EtappJulian Alaphilippe wënnt am Sprint virum Gregor Mühlberger

Tom Flammang
Leader am General ass weiderhin den Adam Yates mat enger Avance vu 4 Sekonnen op den Dylan Teuns. Si si mam Peloton op iwwer 6 Minutten ukomm.
Critérium du Dauphiné: 6. Etapp
Leader am General ass weiderhin den Adam Yates mat enger Avance vu 4 Sekonnen op den Dylan Teuns. Si si mam Peloton op iwwer 6 Minutten ukomm.

Op der 6. Etapp am Critérim du Dauphiné ass et iwwer schwéier 229 Kilometer vu Saint-Vulbas op Saint-Michel-de-Maurienne. Zum Schluss ass d’Decisioun tëscht dem Fransous Julian Alaphilippe an dem Däitsche Gregor Mühlberger gefall. Béid Coureuren hate sech aus dem Peloton ofgesat. Am Sprint hat dunn den Alaphilippe déi besser Been a konnt sech d’Victoire sécheren. De Peloton ass op 6 Minutten an 10 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer.

Leader am General bleift de Brit Adam Yates. Hien huet e Virsprong vu 4 Sekonnen op de Belsch Dylan Teuns.

D’Klassement vun der Etapp

1 Julian Alaphilippe (Fra) Deceuninck - Quick Step 6:00:54
2 Gregor Mühlberger (AUT) Bora - Hansgrohe 0:00:00
3 Alessandro De Marchi (Ita) CCC Team 0:00:22
4 Wout Poels (Ned) Team Ineos 0:06:10
5 Gorka Izagirre Insausti (Esp) Astana Pro Team 0:06:10
6 Jakob Fuglsang (Den) Astana Pro Team 0:06:10
7 Jack Haig (Aus) Mitchelton - Scott 0:06:10
8 Adam Yates (GBr) Mitchelton - Scott 0:06:10
9 Nairo Alexander Quintana Rojas (Col) Movistar Team 0:06:10
10 Alexey Lutsenko (Kaz) Astana Pro Team 0:06:10

De General

1 Adam Yates (GBr) Mitchelton - Scott 23:35:04
2 Dylan Teuns (Bel) Bahrain Merida 0:00:04
3 Tejay Van Garderen (USA) EF Education First 0:00:06
4 Jakob Fuglsang (Den) Astana Pro Team 0:00:07
5 Steven Kruijswijk (Ned) Team Jumbo - Visma 0:00:24
6 Thibaut Pinot (Fra) Groupama - FDJ 0:00:25
7 Emanuel Buchmann (GER) Bora - Hansgrohe 0:00:26
8 Alexey Lutsenko (Kaz) Astana Pro Team 0:00:30
9 Nairo Alexander Quintana Rojas (Col) Movistar Team 0:00:40
10 Wout Poels (Ned) Team Ineos 0:00:40

Back to Top
CIM LOGO