Tour de France: 13. EtappMads Pedersen wënnt aus Echappée eraus

RTL Lëtzebuerg
De Peloton mam Leader Jonas Vingegaard an dem Lëtzebuerger Bob Jungels hat e Réckstand vu knapp sechs Minutten.
Tour de France - 13. Etapp (Resumé)
Mads Pedersen wënnt aus Echappée eraus.

E Freideg ass et op der 13. Etapp iwwer hiwweleg 192 Kilometer vu Le Bourg d’Oisans op Saint-Étienne gaangen.

Eng Echappée vu 7 Mann huet e Freideg der Etapp de Stempel opgedréckt. Vertruede waren an dëser de Mads Pedersen, Quinn Simonns (Trek-Segafredo), Filippo Ganna (Ineos Grenadiers), Stefan Kung (Groupama-FDJ), Matteo Jorgenson (Movistar), Fred Wright (Bahrain Victorious) an Hugo Houle (Israel-Premier Tech). Eng 12 Kilometer virun der Arrivée huet de Pedersen attackéiert an du konnte just nach de Wright an den Houle säi Rad halen. Déi dräi Coureure sinn dunn ëm d’Victoire gesprint an hei hat de Pedersen déi séierste Been. Hie gewënnt domadder d’Etapp. Zweete gëtt de Wright an Drëtten den Houle.

De Peloton mam Maillot Jaune Jonas Vingegaard hat ee Réckstand vu fënnef Minutten a 45 Sekonnen. Och de Bob Jungels ass mat dësem iwwert d’Arrivée gefuer. De Kevin Geniets hat als 126. e Réckstand vun 13 Minutten an 13 Sekonnen.

U sech war d’Echappée am Verlaf vun der Etapp vum Peloton kuerz gehale ginn, ma eng Chute vum Sprinter Caleb Ewan vu Lotto-Soudal huet d’Féierungsaarbecht ënnerbrach. BikeExchange-Jayco huet duerno wuel nach probéiert, fir den Tempo am Peloton weider héichzehalen, fir e Massesprint ze erméiglechen. Hir Aarbecht sollt awer net belount ginn. De Ewan huet sech iwwerdeems bei der Chute um Ielebou blesséiert, konnt awer d’Etapp op en Enn fueren.

Am General bleift vir alles onverännert. De Vingegaard huet weiderhin eng Avance vun zwou Minutten an 22 Sekonnen op den Tadej Pogacar. De Bob Jungels ass de 16. op 22 Minutten an de Kevin Geniets läit op der 42. Plaz mat engem Retard vun enger Stonn, 16 Minutten a 54 Sekonnen.

De Replay vun der Etapp

Tour de France - 13. Etapp (Replay)
Kuckt déi ganz Etapp am Replay.

Resultat

General

Back to Top
CIM LOGO