
Zu Middelkerke an der Belsch gouf um Samschdeg déi 8. Manche vum Superprestige am Cyclocross gefuer. D’Marie Schreiber huet hier gutt Form nees ënner Beweis gestallt. Nom Succès beim “Exact Cross” um leschte Mëttwoch ass d’Lëtzebuergerin um Samschdeg op de Podium gefuer.
Gewonne gouf d’Course zu Middelkerke vum Amandine Fouquenet. D’Franséisin huet sech en solitaire duerchgesat an hat eng Avance vun 20 Sekonnen op d’Hollännerin Carmen Alvarado op der 2. Plaz. Weider 20 Sekonnen hannendrun konnt sech d’Marie Schreiber op der 3. Plaz placéieren. D’Maïté Barthels ass op der 19. Plaz mat engem Retard vu 7 Minutten an 38 Sekonnen op d’Gewënnerin iwwer d’Arrivée gefuer.