Vëlossport: Etoile de BessègesDäitschen Henri Uhlig gewënnt déi drëtt Etapp

RTL Lëtzebuerg
D'Course gouf am Sprint decidéiert.
Cycliste bei enger Course.
© AFP (Archiv)

Op der drëtter Etapp vum Etoile de Bessèges vu Bessèges op Bessèges konnt sech den däitschen Henri Uhlig am Sprint vun engem éischte Peloton duerchsetzen. De Coureur vun Alpecin - Premier Tech war no 162,3 Kilometer méi séier wéi de Slowak Lukas Kubis. Déi drëtte Plaz war fir de Fransous Louis Hardoun. De Mathieu Kockelmann konnt sech haut als 16. klasséieren. De Lukas Kubis ass virun der véierter Etapp néie Leader am Generalklassement. De Mathieu Kockelmann huet als fënneften e Retard vun 12 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO