
U sech sollt e Freideg déi zweet Etapp vun der “La Route d’Occitanie” iwwer 154 Kilometer goen, ma d’Etapp huet misse gekierzt ginn. D’Präfektur vun Tarn huet d’Course net erlaabt, well aktuell an der Regioun eng Alerte rouge gëllt opgrond vun der Hëtzt.
De Spuenier Roger Adria huet sech um Enn no 35 Kilometer am Sprint d’Victoire geséchert an iwwerhëlt domadder och d’Féierung am General.
De Michel Ries huet als 123. véier Minutten a véier Sekonne verluer.
Am General steet den Adria zäitgläich mam Arnaud Démare un der Spëtzt. De Michel Ries ass den 119. op véier Minutten a 14 Sekonnen.
1 Roger ADRIA OLIVERAS EKP 00:42:42
2 Michael Valgren HUNDAHL EFE 0:00
3 Julien SIMON TEN ,,
4 Max KANTER MOV ,,
5 Axel MARIAULT UNA ,,
6 Michael WOODS IPT ,,
7 Filippo BARONCINI TFS ,,
8 Jonas WILSLY UXT ,,
9 Odd Christian EIKING EFE ,,
10 Andrea VENDRAME ACT ,,
...
123 Michel RIES ARK 4:04
1 Roger ADRIA OLIVERAS EKP 4:56:27
2 Arnaud DEMARE GFC 0:00
3 Michael Valgren HUNDAHL EFE 0:04
4 Julien SIMON TEN 0:06
5 Max KANTER MOV 0:10
6 Andrea VENDRAME ACT ,,
7 Oscar PELEGRI FERRANDIS BBH ,,
8 Cyril BARTHE BBK ,,
9 Valentin PARET PEINTRE ACT ,,
10 Michael WOODS IPT ,,
...
119 Michel RIES ARK 4:14