Op der 20. Etapp déi opgrond vun der schlechte Wiederkonditiounen just 59 km laang war, konnt sech de Vincenzo Nibali aus enger Ausreissergrupp a mat enger ganz staarker Leeschtung eraus d’Victoire sécheren.
Am General konnt keen den Egan Bernal a Schwieregkeeten bréngen a bleift domadder am Maillot Jaune. Den Julian Alaphilippe konnt mam héijen Tempo vun de Favoritten net mathalen an huet seng Plaz um Podium missen ofginn. Op der 2. Plaz am General steet den Geraint Thomas virum Steven Kruijswijk.
De Biergtrikot bleift op de Schëlleren vum Romain Bardet. De Sprintrikot ka keen méi dem Peter Sagan ofhuelen a logescherweis wäert den Egan Bernal mat sengen 22 Joer nierft dem Tour de France och de wäisse Maillot gewannen als beschte jonke Coureur. An der Teamwertung ass Movistar déi beschten Ekipp an dat mat engem Virsprong vu ronn 48 Minutten op Trek-Segafredo.

Opgrond vun de schlechte Wiederprevisiounen gouf déi 20. an zweetlescht Etapp kräfteg gekierzt an amplaz vun 130 km goufen elo just nach 59 km gefuer woubäi dunn just de leschte Bierg erop op Val Thorens gefuer gouf an déi aner 2 vun der 1. (Cormet de Roselend) an 2. Kategorie (Côte de Longefoy) goufen net gefuer.
Et konnt sech direkt eng grouss Grupp vu 29 Coureuren ofsetzen wou ënner anerem och e Micheal Woods, Vincenzo Nibali, Ilnur Zakarin an Tony Gallopin mat dobäi waren déi sech kuerz drop wéi et an de Bierg gaangen ass, och konnten ofsetzen an op de Pierre-Luc Perichon konnten opschléissen. De Peloton ass logescherweis och ganz séier méi kleng ginn wéi et erop op Val Thorens gaangen ass an do war et d’Ekipp vun Jumbo-Visma ëm de Steven Kruijswijk déi den Tempo kontrolléiert hunn an dësen och richteg héich gehalen hunn.
13 km virun der Arrivée huet de Julian Alaphilippe dunn misse lass loossen a konnt net méi mam Tempo matgoen an huet vun do un misse realiséieren dat en no sengem staarken Tour eng Podiumsplaz net konnt verdeedegen.
Un der Spëtzt war et just nach de Vincenzo Nibali deen eleng iwwereg bliwwen ass an d’Ziil hat dës Etapp ze gewannen. Mee d’Favoritten hannendrun sinn weider en héijen Tempo gefuer a konnten de Réckstand ëmmer weider verklengeren.
E konnt säi Virsprong awer virun de Favoritten verdeedegen a soumat gewënnt den Italiener déi 20. Etapp. Hannendrun kënnt den Alejandro Valverde op déi 2. Plaz virum Mikael Landa. Am General konnt awer keen dem Egan Bernal geféierlech ginn an de Kolumbianer steet kuerz virdrun als éischte Kolumbianer den Tour de France ze gewannen an dat als 3. jéngste Coureur vun allen Zäiten.

