
De Colin Heiderscheid huet et sou just verpasst, fir an d’Top Ten ze kommen. De Lëtzebuerger gouf um Enn den 11. op 52 Sekonnen.
Déi aner Coureure vum Team Lëtzebuerg, Arthur Kluckers, Cédric Pries a Michel Ries si mam Peloton iwwert d’Ligne d’Arrivée gefuer.
De Maxime Weyrich an de Ken Conter hu bal 11 Minutte verluer a koumen um Enn op déi 143. respektiv 147. Plaz.
Um Programm vun e Freideg steet een Equippenzäitfueren iwwer 32 Kilometer vun Eymet op Bergerac.