
Et war eng kuerz awer schwéier Etapp, wou direkt 2 Bierger vun der 1. an der 2. Kategorie um Programm stoungen an ee vun der Hors catégorie. Deemno konnt ee sech erwaarden, dass sech eppes am General deet an esou war et och.
Den Tadej Pogacar huet d’Etapp en solitaire gewonnen, dat virum Nairo Quintana an dem Primoz Roglic. De Quintana iwwerhëlt domat dann och d’Féierung am General, wou hien elo 6 Sekonnen Avance op de Roglic a 17 Sekonnen Avance op de Miguel Angel Lopez huet.
E Sonndeg koum de Jempy Drucker op déi 99. Plaz mat engem Retard vun 29 Minutten an 23 Sekonnen. Den Alex Kirsch gëtt den 118. op 32 Minutten a 25 Sekonnen. Am General ass de Jempy Drucker den 130. op 1 Stonn, 39 Minutten an 29 Sekonnen an den Alex Kirsch den 132. op 1 Stonn, 40 Minutten an 2 Sekonnen.
Um 9. Dag huet eng kuerz awer ganz schwéier Etapp op d’Coureure gewaart. Déi 94 Kilometer duerch Andorra haten 3.400 Héichtemeter an et goung een Deel iwwer Kräsi.
Duerch déi kuerz Distanz ass et e Sonndeg direkt ganz séier lassgaangen a vum éischte Kilometer un, gouf et déi éischt Attacken. E Grupp vu 36 Coureure konnt sech ofsetzen an hat no 15 Kilometer e Virsprong vun 1 Minutt a 45 Sekonnen. Am Spëtzegrupp war de Carl Frederik Hagen am General als beschte klasséiert. Hie war no der 8. Etapp de 7. op 3 Minutten a 45 Sekonnen.
Am Spëtzegrupp gouf et ëmmer nees Attacken. 45 Kilometer virun der Arrivée huet sech de Geofffrey Bouchard eleng ofgesat an hat 19 Kilometer viru Schluss e Virsprong vun 32 Sekonnen op seng Verfollger. Zu dësem Ament an der Course hunn d’Favoritten op d’Victoire opgehale sech ze belaueren an et gouf déi éischt Attacken am Peloton. Dem Miguel Angel Lopez ass et gegléckt, fir sech ofzesetzen. 13 Kilometer virun der Arrivée hat hien e Virsprong vu 40 Sekonnen op déi aner Favoritten. Un der Spëtzt vun der Course war deen Ament weiderhin de Bouchard.
An der Schlussmontée war am Grupp vun de Favoritte richteg Feier dran. De Miguel Angel Lopez war deen Éischten, deen attackéiert hat, ma de Kolumbianer sollt spéiderhi vum Valverde, Quintana a Pogacar ageholl an iwwerholl ginn. No an no ass all eenzele Coureur aus der Echappée ageholl ginn an no e puer Attacke koum eng decisiv Attack an zwar vum 20 Joer jonken Tadej Pogacar, deen d’lescht Joer den Tour de l’Avenir gewonnen huet.
De jonke Slowen sollt bis op d’Arrivée net méi ageholl ginn a gewënnt um Enn en solitaire virum Quintana an dem Roglic.
1 TADEJ POGACAR (UAE TEAM EMIRATES) 02H 58' 09'’
2 NAIRO QUINTANA (MOVISTAR TEAM) + 00H 00' 23'’
3 PRIMOŽ ROGLIC (TEAM JUMBO - VISMA) + 00H 00' 48'’
4 ALEJANDRO VALVERDE (MOVISTAR TEAM) + 00H 00' 48'’
5 MARC SOLER (MOVISTAR TEAM) + 00H 00' 57'’
6 HERMANN PERNSTEINER (BAHRAIN - MERIDA) + 00H 00' 59'’
7 SERGIO ANDRES HIGUITA GARCIA (EF EDUCATION FIRST) + 00H 01' 01'’
8 WILCO KELDERMAN (TEAM SUNWEB) + 00H 01' 01'’
9 MIGUEL ANGEL LOPEZ MORENO (ASTANA PRO TEAM) + 00H 01' 01'’
10 TAO GEOGHEGAN HART (TEAM INEOS) + 00H 01' 38'’
1 NAIRO QUINTANA (MOVISTAR TEAM) 35H 18' 18'’
2 PRIMOŽ ROGLIC (TEAM JUMBO - VISMA) + 00H 00' 06'’
3 MIGUEL ANGEL LOPEZ MORENO (ASTANA PRO TEAM) + 00H 00' 17'’
4 ALEJANDRO VALVERDE (MOVISTAR TEAM) + 00H 00' 20'’
5 TADEJ POGACAR (UAE TEAM EMIRATES) + 00H 01' 42'’
6 CARL FREDRIK HAGEN (LOTTO SOUDAL) + 00H 01' 46'’
7 NICOLAS EDET (COFIDIS, SOLUTIONS CREDITS) + 00H 02' 21'’
8 RAFAL MAJKA (BORA - HANSGROHE) + 00H 03' 22'’
9 WILCO KELDERMAN (TEAM SUNWEB) + 00H 03' 53'’
10 DYLAN TEUNS (BAHRAIN - MERIDA) + 00H 04' 46'’