
Um Samschdeg stoung déi éischten Etapp vun der 83. Editioun vum Tour duerch d’Schwäiz um Programm.
Beim Zäitfueren iwwert 9,5 Kilometer konnt sech de Rohan Dennis duerchsetzen, a sech soumat och déi éischte Plaz am General sécheren.
Um Enn hat den Dennis eng Avance vu 15 Honnertstel op de Maciej Bodnar an 1 Sekonn an 72 Honnertstel op de Michael Matthews.
Aus lëtzebuerger Sicht hat de Kevin Geniets bei der Arrivée déi 30-beschten Zäit a war domat 25 Sekonne méi lues ewéi de Vainqueur.
1 DENNIS Rohan (TBM) 0:10:50,23
2 BODNAR Maciej (BOH) 0:00:00,15
3 MATTHEWS Michael (SUN) 0:00:01,72
4 KRAGH ANDERSEN Søren (SUN) 0:00:02
5 ASGREEN Kasper (DQT) 0:00:02
6 CRADDOCK G Lawson (EF1) 0:00:05
7 SAGAN Peter (BOH) 0:00:07
8 BEVIN Patrick (CCC) 0:00:08
9 KÜNG Stefan (GFC) 0:00:09
10 SCULLY Thomas (EF1) 0:00:11
...
30 GENIETS Kevin (GFC) 0:00:25