
Um Sonndeg gouf déi éischt Profi-Course an der Belsch zanter der Corona-Kriis gefuer. Zu Rotselaare gouf et e Circuit vu 15,4 km 10 mol ze bewältegen. Mam Tom Wirtgen war och ee Lëtzebuerger um Depart.
Gewanne konnt de Fransous Florian Sénéchal (Deceuninck-Quick Step) um Enn en solitaire. Op déi zweete Plaz ass den Hollänner Oscar Riesebeek (Alpenin-Fenix) gefuer an dat mat engem Retard vu 7 Sekonnen. Um Podium stoung nach de Belsch Victor Campenaerts (NTT Pro Cycling Team) op 16 Sekonnen.
Den Tom Wirtgen huet sech als 65. op 6 Minutten an 48 Sekonne klasséiert.