Tour duerch DäitschlandStuyven séchert sech d'Schlussvictoire, Gastauer 47.

RTL Lëtzebuerg
Op der 4. a leschter Etapp huet de Sonny Colbrelli am Sprint gewonnen. Fir de Ben Gastauer war et déi 88. Plaz op iwwer 5 Minutten.
© AFP

Am Tour duerch Däitschland huet de Sonny Colbrelli déi leschten Etapp iwwer 159,5 Kilometer tëscht Eisenach an Erfurt fir sech entscheed. Den Italiener huet sech am Sprint virum Belsch Yves Lampaert an dem Norweger Alexander Kristoff duerchgesat.

Schlussgewënner gëtt de Jasper Stuyven. De Belsch huet um Enn e Virsprong vun 3 Sekonnen op de Colbrelli.

De Ben Gastauer ass um leschten Dag den 88. op iwwer 5 Minutte ginn. Am General ass et fir de Lëtzebuerger déi 47. Plaz op iwwer 14 an eng hallef Minutt.

Klassement vun der 4. Etapp

1 Sonny Colbrelli (Ita) Bahrain Merida 3:44:48
2 Yves Lampaert (Bel) Deceuninck - Quick Step 0:00:00
3 Alexander Kristoff (Nor) UAE Team Emirates 0:00:00
4 Alexey Lutsenko (Kaz) Astana Pro Team 0:00:00
5 Jasper Stuyven (Bel) Trek - Segafredo 0:00:00
6 Diego Ulissi (Ita) UAE Team Emirates 0:00:00
7 Cees Bol (Ned) Team Sunweb 0:00:00
8 Ben Swift (GBr) Team Ineos 0:00:00
9 Tom-Jelte Slagter (Ned) Team Dimension Data 0:00:00
10 Simon Geschke (GER) CCC Team 0:00:00

Schlussklassement

Back to Top
CIM LOGO