Siwent Operatioun bannent kuerzer ZäitSuergen ëm de fréiere Vëlosprofi Eddy Merckx

Tom Nols
"Le Cannibale" kämpft mat de Suitte vun enger Chute mam Vëlo virun annerhallwem Joer. Den 80 Joer ale Belsch gëtt eng Entzündung an der Hëft net lass.
De legendäre Coureur huet gesondheetlech Problemer
De legendäre Coureur huet gesondheetlech Problemer
© JOHN THYS/AFP

Den Eddy Merckx steet viru senger siwenter Operatioun, nodeems hie sech am Dezember 2024 bei enger Chute mam Vëlo d’Becke gebrach hat. Hien hat eng Prothees agesat kritt, déi zanterhier ëmmer rëm fir Komplikatioune suergt. De wuel beschte Proficyclist vun allen Zäite gëtt eng Entzündung an der Hëft net lass.

525 Dagesvictoiren huet den haut 80 Joer ale Merckx a senger Karriär gesammelt. Eng bis haut onerreechten Zuel. Fënnefmol konnt hien den Tour de France gewannen, grad sou dacks den Giro d’Italia. Beim Dagesklassiker Mailand-Sanremo stoung hie siwemol ganz uewen um Podium. Ausserdeem ass “le cannibale”, mam groussen Honger no ëmmer neie Victoiren, 1974 deen éischte Coureur gewiescht, deen an engem Joer den Tour, den Giro an d’Weltmeeschterschaft gewanne konnt.

War Dopping am Spill?

Méi wéi eng Kéier hat de Kannibal sech mat Doppingvirwërf konfrontéiert gesinn. 1969 war hien dowéinst vum Giro d’Italia ausgeschloss ginn, hat awer beim Tour de France puer Méint méi spéit un den Depart dierfe goen. Um Enn hat hie sech seng éischte Schlussvictoire am General séchere kënnen. 1973 an 1977 ware weider positiv Tester dobäi komm.

Den Eddy Merckx zielt trotzdeem zu de gréisste Legenden an der Geschicht vum Vëlossport.1969 hat hien et am Tour de France fäerdeg bruecht, 6 Etappen, de General, d’Sprint-Wäertung, de Bierg-Präis, d’Ekippewäertung an och nach de Präis vum Meilleur Combatif ze gewannen. 50 Joer méi spéit, wéi de Grand Départ vun der Grand-Boucle zu Bréissel an der Belsch war, war den Eddy Merckx nach ëmmer fir seng Prestatioune gefeiert ginn.

Nodeems den Eddy Merckx 1978 vum aktive Vëlossport zréckgetruede war, hat hie seng eege Firma gegrënnt a Vëloe produzéiert. 1993 hat de Lance Armstrong op engem Merckx-Vëlo d’WM gewonnen. Donieft war hien och Beroder vun der ASO an Trainer vun der belscher Nationalekipp. Säi 47 Joer ale Rekord vu 34 Etappevictoiren am Tour de France war réischt 2024 vum Mark Cavendish gebrach ginn.

Back to Top
CIM LOGO