CyclocrossThiltges gewënnt de regionale Cyclocross zu Waarken

RTL Lëtzebuerg
De grousse Favorit Lex Reichling, deen déi läscht 3 Coursse fir sech entscheede konnt, misst sech engem staarke Scott Thiltges geschloe ginn.
Thiltges gëwennt de regionale Cyclocross zu Warken
No enger spannender Course huet sech de Scott Thiltges virum Lex Reichling duerchgesat.

De Scott Thiltges huet bei den Hären de Regionale Cyclocross zu Waarken gewonnen a bleift domadder de Leader am Skoda Cross Cup. Den Alzenger hat eng Avance vu 6 Sekonnen op de Lex Reichling aus dem Préizerdaul. Um Podium stoung nach de Fransous Loïc Bruetsch mat engem Réckstand vun iwwer 3 Minutten. Beschten Espoir war de Raphael Kockelmann als 4.

Bei de Junioren huet de Mats Wenzel gewonnen. Op d’Plazen 2 an 3 sinn den Noé Ury an den Tom Paquet gefuer.

Bei de Masters war déi éischt Plaz fir den Tom Flammang.

Back to Top
CIM LOGO