E Freideg ass et op der 6. Etapp vum Critérium du Dauphiné iwwer hiwweleg 196 Kilometer vu Rives op Gap gaangen. Et war nees een Dag fir d’Echappée. De Geoffrey Bouchard (AG2R-Citroen), den Andrea Bagioli (Quick Step-Alpha Vinyl), Victor Lafay (Cofidis), de Valentin Ferron (Total Energies), de Warren Barguil (Arkea Samsic) an de Pierre Rolland (B&B Hotels) hunn d’Victoire op de leschte Kilometer ënnert sech ausgemaach. De Ferron huet op de leschten 1.000 Meter attackéiert, konnt sech eng kleng Avance erausfueren a sech domadder de Succès sécheren. De Roland an de Barguil sinn 2. an 3. ginn.
De Peloton mam Leader Wout van Aert hat op der Arrivée e Réckstand vun 32 Sekonnen. De Kevin Geniets ass och mat dësem als 25. ukomm.
Virun den zwou leschten Etappen huet de van Aert weider eng Avance vun enger Minutt an dräi Sekonnen op de Mattia Cattaneo. De Kevin Geniets ass den 31. op dräi Minutten an 49 Sekonnen. Am Klassement vum beschte Jonken ass de Lëtzebuerger de 7.
E Samschdeg an e Sonndeg gëtt et dann nach emol richteg schwéier fir d’Coureuren. Et waarden zwou Biergetappen.
1 FERRON Valentin TotalEnergies 4:22:17
2 ROLLAND Pierre B&B Hotels - KTM 0:03
3 BARGUIL Warren Team Arkéa Samsic ,,
4 BAGIOLI Andrea Quick-Step Alpha Vinyl Team ,,
5 BOUCHARD Geoffrey AG2R Citroën Team ,,
6 LAFAY Victor Cofidis ,,
7 MOLANO Juan Sebastián UAE Team Emirates 0:32
8 BOASSON HAGEN Edvald TotalEnergies ,,
9 GROENEWEGEN Dylan Team BikeExchange - Jayco ,,
10 LOUVEL Matis Team Arkéa Samsic ,,
...
25 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
1 VAN AERT Wout Jumbo-Visma 21:27:20
2 CATTANEO Mattia Quick-Step Alpha Vinyl Team 1:03
3 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 1:06
4 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers 1:32
5 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 1:36
6 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 1:49
7 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers 1:55
8 JORGENSON Matteo Movistar Team 2:00
...
31 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 3:49