Internationale Cyclocross PéitengVictoirë fir d'Christine Majerus an de Marcel Meisen

RTL Lëtzebuerg
Bei der internationaler Dammecourse am Cyclocross zu Péiteng huet sech d'Lëtzebuerger Championne virum Manon Bakker aus Holland duerchgesat.
Victoirë fir d'Christine Majerus an de Marcel Meisen
Bei der internationaler Dammecourse am Cyclocross zu Péiteng huet sech d’Lëtzebuerger Championne virum Manon Bakker aus Holland duerchgesat.

Op Neijoerschdag ass zu Péiteng deen traditionellen internationale Cyclocross gefuer ginn. Bei den Damme gouf et e Lëtzebuerger Succès duerch d’Christine Majerus. Si huet sech virum Manon Bakker aus Holland behaapt. Op déi 3. Plaz ass d’Xaydee van Sineay aus der Belsch gefuer. D’Isabelle Klein konnt sech op der gudder 4. Plaz klasséieren. 27 Damme waren um Depart.

Fir de Marcel Meisen gouf et bei den Hären e perfekte Start an dat neit Joer. Scho fir d’sechste Kéier schreift sech den Däitschen an de Palmarès zu Péiteng an. Op de Podium sinn nach d’Fransouse Joshua Dubau a Fabien Doubey gefuer. De Mats Wenzel war als 18. de beschte Lëtzebuerger.

Bei de Junioren huet de Schwäizer Champion Jan Christen gewonnen. De Mathieu Kockelmann huet sech als 2. mat engem Retard vun 49 Sekonne klasséiert. 3. ass de Fransous Gabin Cler ginn.

Bei den Debutanten gouf et ee franséischen Doublé duerch den Aubin Sparfel an den Théophile Vassal. De Rick Meylender ass de gudden 3. ginn.

Bescht d’Meedche war d’Lena Lallemang.

Back to Top
CIM LOGO