Bei der zweetleschter Etapp goung et am Zäitfueren iwwer 40,7 Kilometer vu Lacapelle-Marival op Rocamadour. Et war säit 2014 dat längst Zäitfuere bei der Tour de France.
De Favorit Filippo Ganna war relativ fréi an dëst Zäitfueren eragaangen an huet mat 48 Minutten an 41 Sekonne fir eng gutt Beschtzäit gesuergt. De Wout van Aert huet dem Weltmeeschter seng Zäit awer ëm ronn 42 Sekonnen ënnerbueden. Wéi d’Favoritten ëm d’Schlussvictoire an d’Course gaange sinn, huet sech e spannenden Duell ëm d’Etappevictoire tëschent dem Pogacar, dem Vingegaard, dem Thomas an dem van Aert entwéckelt. Um Enn ass et fir de Mann am grénge Maillot van Aert duergaangen, fir sech virum Vingegaard an dem Pogacar duerchzesetzen.
Am General huet de Jonas Vingegaard de Virsprong op den Tadej Pogacar vergréissert. Virun der leschter Etapp mat Arrivée zu Paräis huet de Vingegaard e Virsprong vun 3 Minutten a 34 Sekonnen op de Sloween a steet domadder virun der éischter Schlussvictoire bei der Grande Boucle. Komplettéiert gëtt de Podium vum Geraint Thomas, deen e Réckstand vun 8 Minutten an 13 Sekonnen op de giele Maillot huet.
De Bob Jungels gouf op der Etapp de 36. mat engem Retard vun 3 Minutten a 46 Sekonnen. Am General bleift hien op der 12. Plaz. De Kevin Geniets huet sech am Zäitfueren als 33. mat engem Réckstand vun 3 Minutten an 38 Sekonne klasséiert. Hie steet am General op der 50. Plaz.
