Tour de l'Avenir: 7. EtappZwee Lëtzebuerger an den Top 15

RTL Lëtzebuerg
Op der 7. Etapp vum Tour de l'Avenir ass et vun Thonon-les-Bains op Saint-François-Longchamp gaangen. 2 Lëtzebuerger konnten dobäi besonnesch iwwerzeegen.
FSCL / Facebook
FSCL / Facebook

Gewanne konnt d’Etapp iwwert 175 Kilometer vun e Freiden de Belsch Cian Uijtdebroeks. Dëst eng Minutt a 16 Sekonne virum Italieener Davide Pignazoli. Op Plaz Dräi fiert den Däitsche Michel Hessmann iwwert d’Ligne d’Arrivée. De Mats Wenzel gëtt no gudder Leeschtung den 8. mat engem Retard vun 2 Minutten a 5 Sekonnen. Den Arthur Kluckers gëtt den 13. op 2 Minutten an 32 Sekonnen. Den Tom Paquet, de Cédric Pries an de Loïc Bettendorff kommen als 41., 79. an 102. un.

Am General féiert de Michel Hessmann als Leader d’Feld un. Dëst mat engem Virsprong vun 11 Sekonne op den Cian Uijtdebroeks. Den Drëtten am General ass den Norweger JohannesStaune-Mittet op eng Minutt an 11 Sekonnen. De beschte Lëtzebuerger ass hei den ArthusKluckers op der 8. Plaz mat engem Retard vun 2 Minutten an 48 Sekonnen. De MatsWenzel ass op der 12. Plaz. Hien huet e Retard vu 4 Minutten a 14 Sekonnen.

Am Ekippe-General läit Lëtzebuerg iwwerdeems op der 5. Plaz mat engem Retard vun 12 Minutten an 30 Sekonnen op de Leader Frankräich.

D’Klassement vun der Etapp

1 UIJTDEBROEKS Cian Belgium 4:27:28
2 PIGANZOLI Davide Italy 1:16
3 HESSMANN Michel Germany 1:25
4 FANCELLU Alessandro Italy 1:36
5 RYAN Archie Ireland ,,
6 STAUNE-MITTET Johannes Norway 1:40
7 VACEK Mathias Czech Republic ,,
8 WENZEL Mats Luxembourg 2:05
9 AZPARREN Enekoitz Spain 2:13
10 VAN BELLE Loe Netherlands 2:16
...
13 KLUCKERS Arthur Luxembourg 2:32
41 PAQUET Tom Luxembourg 13:59
79 PRIES Cedric Luxembourg 24:32
102 BETTENDORFF Loïc Luxembourg 27:29

De General - Eenzel

1 HESSMANN Michel Germany 20:37:36
2 UIJTDEBROEKS Cian Belgium 0:11
3 STAUNE-MITTET Johannes Norway 1:11
4 PIGANZOLI Davide Italy 1:20
5 VAN BELLE Loe Netherlands 1:58
6 FANCELLU Alessandro Italy 2:11
7 VACEK Mathias Czech Republic ,,
8 KLUCKERS Arthur Luxembourg 2:48
9 RYAN Archie Ireland 3:03
10 BAUDIN Alex France 3:18
...
12 WENZEL Mats Luxembourg 4:14
46 PAQUET Tom Luxembourg 24:48
60 PRIES Cedric Luxembourg 30:18
79 BETTENDORFF Loïc Luxembourg 37:14

De General - Ekipp

1 France 61:02:51
2 Germany 3:58
3 Italy 4:10
4 Belgium 8:35
5 Luxembourg 12:30
6 Czech Republic 16:08
7 Norway 19:19
8 Auvergne-Rhône-Alpes 29:35
9 Great Britain 30:32
10 Netherlands 30:52

Back to Top
CIM LOGO