Special Olympics Lëtzebuerg 1. Editioun vun „Together without Limits – Zesumme beweege mir méi“

Serge Olmo
Dat inklusiivt Sportevent huet ënnert anerem als Zil gehat, Mënsche mat an ouni intellektuell Beanträchtegung duerch gemeinsam sportlech Aktivitéiten zesummen ze bréngen.
1. Editioun vun „Together without Limits – Zesumme beweege mir méi“
Dat inklusiivt Sportevent huet als ee vun den Ziler gehat, Mënsche mat an ouni intellektuell Beanträchtegung duerch sportlech Aktivitéiten zesummen ze bréngen.

D'Special Olympics Lëtzebuerg hunn an Zesummenaarbecht mat der APEMH, Info Handicap, Autisme Luxembourg an Elisabeth Handicap dës Verantstaltung op d'Bee gesat. Ënnerstëtzt gëtt de Projet och vu verschiddene Sportfederatiounen a Veräiner, dorënner der Lëtzebuerger Judo-, Karate- an Dëschtennis-Federatioun, de Curling Club Luxembourg, d’Mousel Archers an de Gymnastique Réveil Bettembourg.

De Programm, deen ugebuede gouf, war deemno ganz variéiert. Am Ganze waren et 19 Atelieren, déi vu 70 Benevollen encadréiert goufen. Bei de Special Olympics gi jo net déi grouss Performancë promouvéiert. Mënsche mat an ouni Behënnerung konnte gemeinsam aktiv sinn a Stempele sammelen, fir dono eng Medail ze gewannen.

Laura Galasso - Special Olympics Athletin: "Ech hunn dat immens cool fonnt. Et ass ganz flott. Ech kennen och e puer Leit, déi hei schaffen, wéi d'Joffer Lili, déi meng Joffer am Precoce war. Ech fannen dat ganz cool mat de Kolleege vun der Aarbecht, déi och hei sinn."

D’Iddi vum „Unified Sports“ gëtt grouss geschriwwe mam wichtegen Zil, Sportlerinnen a Sportler mat an ouni intellektuell Beanträchtegung zesummen trainéieren ze loossen a gemeinsam u Competitiounen deel ze huelen. Fir déi verschidden Ziler kënnen z'erreechen, sinn Accompagnateure wichteg.

Simone Haan - Directrice Technique Nationale vun de Special Olympics Lëtzebuerg: "Et ass e bësse wéi iwwerall, sou och bei eis. Fir fir esou een Nomëtteg Leit ze fannen, déi eng Hand mat upaken, dat kréie mer nach relativ gutt hin, mee mir siche virun allem Leit, déi motivéiert sinn, fir och en Training bei eis ze halen. Dat ass eeben e bësse méi schwéier, fir Leit ze fannen, déi sech längerfristeg engagéieren."

Um Samschdeg war et en interessante Mix. Et goufen Disziplinne gewisen, déi ganzt Joer bei de Special Olympics proposéiert ginn. Donieft goufen awer och Aktivitéiten ugebueden, déi fir d’Athlete vu Special Olympics nei waren. Jidderee war invitéiert, mat ze maachen an et war net ëmmer esou einfach, säi Stempel ze kréien. Wat ass den Input vun den Autoritéiten?

Max Hahn - Familljeminister: "D'Politik muss dat begleeden. D'Politik muss dat ënnerstëtzen, sief et mat finanzielle Mëttelen, sief et awer och, andeems ee kuckt, déi Reseauen, déi een huet, déi konventionéiert si mat de Ministèren, et sinn der eng ganz Partie hei, fir ze kucken, dass déi sech och an deem dote Beräich mat abréngen, dass mer och probéieren, an eise Foyer de Jouren, déi mer hunn, dass mer och probéieren, do de Sport méi nozebréngen, dass mer och weisen, wat et alles esou gëtt."

D’Famille spille virun allem bei de Sportler mat Beanträchtegungen, nieft den Träger, eng grouss Roll. An e puer Woche wäerten déi Responsabel vun de Special Olympics op hiren Traininge gesinn, ob dës éischt Editioun vill nei Athleten ugezunn huet.

Back to Top
CIM LOGO