
An den Halleffinalle vun den US-College-Championnater zu Eugene am US-Bundesstaat Oregon ass den 20 Joer ale Ja'Kobe Tharp mat 12'75'' en neie Weltrekord iwwer 110 Meter Hecke gelaf. Hien huet domat sengem Landsmann Aries Merritt seng Beschtzäit ëm fënnef Honnertstel ënnerbrach. D'Zäit muss allerdéngs nach vum Weltverband fir Liichtathletik World Athletics offiziell unerkannt ginn.
Eigentlech wier et him just drëms gaangen, an d'Finall ze kommen, sou de Tharp no der Course an engem Tëleesinterview. Hien ass der Meenung, dass seng Course net perfekt war an datt hien nach méi an de Been hätt. Dat kann de jonken Athlet e Freideg beweisen, wann d'Finall iwwer 110 Meter wäert gelaf ginn.
D'lescht Joer war hie mat 13'01'' op den US-amerikanesche Meeschterschaften deen Éischte ginn. An der WM-Finall zu Tokio war hien op déi sechste Plaz gelaf. Dëst Joer ass de Tharp nach ongeschloen an huet seng Beschtzäit am Fräien elo ëm 26 Honnertstel verbessert. Am Mäerz hat hie säin Titel an der Hal verdeedegt a war dobäi just knapp iwwert dem bestoende Weltrekord bliwwen.