
Den Alexander Zverev steet erëm an der Finall vun de French Open. Den Däitschen, deen aktuell op Plaz 3 an der Weltranglëscht steet, huet sech a 4 Sätz 7:5, 6:2, 3:6 a 6-3 géint de Jakub Mensik duerchgesat.
E Sonndeg ass et dem Zverev seng 4. Finall vun engem Grand-Slam-Tournoi. 2020 hat hien op den US Open verluer, 2024 war et eng Néierlag zu Paräis an och d'Australien Open 2025 hat hien net kënne gewannen. Säi Géigner op de French Open gëtt en Italieener. An der zweeter Halleffinall sti sech de Flavio Cobolli an de Matteo Arnaldi géintiwwer.