WimbledonJannik Sinner gewënnt Finall géint Alexander Zverev

Christophe Jost
An enger spannder Finall ass de Jannik Sinner hannen eraus ëmmer méi staark ginn a setzt sech a véier Sätz mat 6:7 (7:9), 7:6 (7:2), 6:3 a 6:4 géint den Alexander Zverev duerch.
Italy's Jannik Sinner celebrates beating Germany's Alexander Zverev during their men's singles final tennis match on the fourteenth day of the 2026 Wimbledon Championships at The All England Lawn Tennis and Croquet Club in Wimbledon, southwest London, on July 12, 2026. (Photo by Kirill KUDRYAVTSEV / AFP) / RESTRICTED TO EDITORIAL USE
De Jannik Sinner feiert säin zweeten Titel zu Wimbledon.
© AFP

Den Titelverdeedeger Jannik Sinner krut et um hellege Wues zu London mam Alexander Zverev ze dinn, fir deen et déi éischt Finall zu Wimbledon war. Viru fënnef Wochen huet den Däitsche säin éischte Grand-Slam konnte gewannen, dat mam Erfolleg zu Paräis bei de French Open.

Grousse Favorit war awer de Südtiroler an Nummer 1 am ATP Tour, deen déi lescht néng Matcher géint den Alexander Zverev alleguerte fir sech entscheede konnt. Um Sonndeg den Owend sollt déi 10. Victoire noeneen dobäi kommen.

Et ass dem Sinner säi fënnefte Grand-Slam-Titel.

Am 1. Saz hu sech béid Spiller absolut näischt geschenkt. An esou ass et bei Stand vu 6:6 an den Tiebreak gaangen.

Hei hat den Alexander Zverev dat bessert Enn a gewënnt den Tiebreak mat 9:7. Och deen 2. Saz huet missen an den Tiebreak, hei hat de Jannik Sinner awer dat bessert Enn fir sech.

Am drëtte Saz huet de Jannik Sinner e Gang erop geschrauft a kroopt sech den 3. Saz mat 6:3.

Am weidere Verlaf vum Match sollt sech um Spillverlaf net méi all ze vill änneren. Den Däitsche koum ëfters e Schrëtt ze spéit, de Sinner huet déi entscheedend Punkten zu de richtege Momenter fir sech entscheet.

A sou gewënnt de Jannik Sinner net nëmmen de 4. Saz mat 6:4 mee och säin zweeten Titel zu Wimbledon.

Back to Top
CIM LOGO