An der éischter Halleffinall huet sech de Carlos Alcaraz no engem dramateschem Duell mat 3:2 (6:4, 7:6, 6:7, 6:7, 7:5) géint den Alexander Zverev duerchgesat. De Spuenier hat vun Ufank u géint e couragéierte Géigner ze kämpfen, konnt sech an deenen zwee éischte Sätz awer jeeweils behaapten. Den Zverev huet trotzdeem net opginn a krut sech duerch eng staark Leeschtung nach eemol zréck an de Match gekämpft, sou datt hien op 2:2 ausgeglach huet. D’Decisioun sollt also am fënnefte Saz falen, wou d’Spannung an engem weider oppenen Duell op Aenhéicht um Héichpunkt war. No 5 Stonnen a 27 Minutte konnt d’Nummer 1 vun der Welt Carlos Alcaraz dann de Sak zoumaachen a sech den Ticket fir d’Finall sécheren. Et war déi längsten Halleffinall an der Geschicht vum Tournoi. Mat enger Victoire e Sonndeg zu Melbourne kann hie seng Sammlung mat sengem siwente Major-Titel komplettéieren.
Net manner spannend war duerno dann och déi zweet Halleffinall, an där den Novak Djokovic mat 3:2 (3:6, 6:3, 4:6, 6:4, 6:4) géint de Jannik Sinner gewonnen huet. Hei waren d’Sätz zwar jeeweils e Stéck méi kloer an ofwiesselnd un déi Zwee gaangen. Ma och hei war bis zum Schluss komplett oppen, wie sech fir d’Finall qualifizéiere géif. Am fënneften an decisive Saz hat dann den Djokovic d’Nues vir a steet domat als Géigner vum Carlos Alcaraz fest. Mat 38 Joer a ronn aacht Méint ass den Novak Djokovic, hannert dem Ken Rosewall, deen zweeteelsten Tennisspiller, dee jeemools de Sprong an eng Finall bei engem Grand Slam gepackt huet. D’Nummer 4 vun der Welt spillt e Sonndeg seng 11. Finall vun den Australian Open a ka säi 25. Grand-Slam-Titel gewannen. Seng lescht Finall war am Juli 2024 zu Wimbledon, wou de Serb an dräi Sätz géint den Alcaraz de Kierzere gezunn hat.
Bei den Damme sti sech an der Finall, déi e Samschdeg de Moien um 9.30 Auer gespillt gëtt, d’Aryna Sabalenka an d’Elena Rybakina géigeniwwer. D’Finall vun den Hären ass e Sonndeg de Moien um 9.30 Auer eiser Zäit.