Australian OpenZverev an der Halleffinall, Alcaraz a Sinner wëllen nozéien

Sam Rickal
En Dënschdeg an e Mëttwoch gi bei den Australian Open d'Véierelsfinalle gespillt. D'Favoritte bei den Hären an den Damme si mat dobäi.
© IZHAR KHAN / AFP

Den Ticket fir d’Hären-Halleffinall huet en Dënschdeg de Moien schonn den Alexander Zverev ageléist. Den 28 Joer alen Däitsche konnt sech a 4 Sätz 6:3, 6:7, 6:1 a 7:6 géint de Shooting-Star Learner Tien duerchsetzen. No 2020, 2024 an 2025 ass et der Nummer 3 vun der Welt seng drëtten Halleffinall zu Melbourne. D’lescht Joer huet sech den Zverev um Enn an der Finall géint de Jannik Sinner misse geschloe ginn.

Am nächsten Tour kritt et den Däitschen entweder mam Carlos Alcaraz oder dem Alex de Minaur ze dinn. D’Nummer 1 vun der Welt huet mam Lokalmatador de Minaur en Dënschdeg alles anescht wéi eng einfach Aufgab viru sech. De 26 Joer alen Australier wousst an der Aachtelsfinall e Sonndeg mat enger staarker Prestatioun géint den Daniil Medwedew ze iwwerzeegen. Den Alcaraz bleift trotzdeem de grousse Favorit.

Um Pabeier kéint ee sech e Mëttwoch eng interessant Partie tëscht dem Lorenzo Musetti an dem Novak Djokovic erwaarden. Den Italieener ass d’Nummer 5 vun der Welt, de Serb d’Nummer 4. D’Bilanz schwätzt awer kloer fir den 10-fache Gewënner vun den Australian Open. An 10 Matcher konnt sech 9 Mol den “Djoker” behaapten an nëmmen eng Kéier de Musetti.

Änlech kloer war et an der Vergaangenheet beim Duell tëscht dem Jannik Sinner an dem Ben Shelton. Den Italieener steet aktuell bei 8 Victoire géint den Amerikaner, deen d’Nummer 2 vun der Welt nëmmen eng Kéier klappe konnt. De Sinner wëll säin Titel vum leschte Joer verdeedegen. Dofir muss hien mol de Shelton eliminéieren, dee sech am leschten Tour géint de Casper Ruud duerchsetze konnt. An der Halleffinall kéint dann den Novak Djokovic op de Jannik Sinner waarden.

Sabalenka an der Halleffinall

Genau wéi bei den Häre sinn och bei den Dammen nach quasi nëmmen déi bescht Spillerinne vun der Weltranglëscht dobäi, bis op d’Coco Gauff. En Dënschdeg de Moien huet d’Gewënnerin vu Roland Garros vum leschte Joer an zwee Sätz iwwerraschend 1:6 an 2:6 géint d’Elina Switolina de Kierzere gezunn.

D’Ukrainerin krit et an der Halleffinall en Donneschdeg mam Aryna Sabalenka ze dinn, déi sech en Dënschdeg de Moien an zwee Sätz 6:3 a 6:0 géint d’Iva Jovic behaapte konnt. D’lescht Joer huet d’Belarussin an der Finall géint d’Madison Keys verluer. Dëse “Faux pas” wëll d’Nummer 1 vun der Welt dëst Joer nees gutt maachen.

D’Top-Affiche bei den Dammen ass awer an der Véierelsfinall e Mëttwoch d’Partie tëscht dem Jelena Rybakina an dem Iga Swiatek. Dëst Duell war an deene leschte Joren equilibréiert. 6 Mol konnt sech d’Swiatek duerchsetzen, 5 mol d’Rybakina. Déi aktuell Form schwätzt awer fir d’Kasachin.

Komplettéiert ginn d’Véierelsfinallen e Mëttwoch vum Match tëscht dem Jessica Pegula an dem Amanda Anisimova. D’Duell tëscht der Nummer 6 an der Nummer 4 vun der Welt. Béid Amerikanerinnen hunn bei dëser Editioun vun den Australian Open nach kee Saz missen ofginn.

Back to Top
CIM LOGO