2026 si 44 Athleten am Elite-Kader vum Lëtzebuerger Olympesche Comité vertrueden. Ënnert anerem bekannten Nimm wéi de Liichtathlet Charel Grethen oder de Michel Ries aus dem Cyclissem sinn net méi Deel dovun, well si hir professionell Karriär un den Nol gehaangen hunn. Donieft sinn am Ganzen och 6 Equippen am COSL Elite Kader - nei dobäi d‘Lëtzebuerger Basket-Dammennationalequipe, déi no un enger Europameeschterschaft waren an och an der aktueller Qualifikatioun gutt Leeschtunge bréngen.
Ervirzehiewe bleiwen déi Sportler, déi de Sprong vum Promotiouns- an den Elite-Kader gepackt hunn, bei deenen deemno d‘Entwécklung an déi richteg Richtung geet. Dëst Joer sinn dat der am Ganze 6, dorënner ënnert anerem den Tennisspiller Chris Rodesch, deen d’lescht Joer zu Wimbledon am Haapttableau stoung an d‘Fanny Arendt aus der Liichtathletik.

Dräi Athleete kruten ee sougenannte „Projet Olympique“, deen op d‘Olympesch Spiller 2028 zu Los Angeles ausgeluecht ass an domat souzesoen „d‘Aushängeschëlder“ soll zousätzlech ënnerstëtzen. Dëst sinn d‘Patrizia van der Weken, de Ruben Querinjean an d‘Jeanne Lehair.
Et gouf och op d‘Olympesch Wanterspiller zu Milano/Cortina, déi den 6. Februar uginn, no vir gekuckt. Lëtzebuerg ass do mam Gwyneth Ten Raa a mam Matthieu Osch am Schi Alpin vertrueden, souwuel am Slalom wéi och am Riseslalom, a béid Sportler hätte rezent nach bewisen, datt si déi Participatioun absolut verdéngt hätten.