Olympesch Wanterspiller 2026Déi Olympesch Flam ass zu Cortina d'Ampezzo an Italien ukomm

Sam Rickal
Vum 6. bis 22. Februar sinn zu Cortina d'Ampezzo an zu Mailand déi 25. Olympesch Wanterspiller.
Déi Olympesch Flam ass zu Cortina d'Ampezzo an Italien ukomm.
De 6. Februar fänken déi Olympesch Wanterspiller an Italien un.

No Statiounen ënner anerem zu Roum, Rimini, Florenz a Pompeji huet déi Olympesch Flam e Méindeg eent vun hiren zwee Ziler erreecht. Den Datum ass keen Zoufall. De 26. Januar 1956, also genau op den Dag viru 70 Joer, hunn déi 7. Olympesch Wanterspiller zu Cortina d’Ampezzo ugefaangen. Am Häerz vun den Dolomite ginn ënner anerem dëst Joer d’Disziplinne wéi de Schi Alpin vun den Dammen, de Bob, d’Rodelen an de Skeleton ausgedroen. Verschidde prominent Perséinlechkeeten hunn d’Flam duerch Italien gedroen, ënner anerem den Hollywood-Star Jackie Chan, d’Freestyle-Athletin Eileen Gu an och déi Schwäizer Futtballerin Alisha Lehmann.

All ze laang bleift d’Flam awer net zu Cortina d’Ampezzo. Iwwer Bolzano, Trento, Bergamo a Como féiert de Wee schlussendlech op Mailand. Am San Siro Stadion gëtt dat Olympescht Feier de 6. Februar offiziell op der Ouverture vun den Olympesche Wanterspiller ugemaach.

Back to Top
CIM LOGO