Wärend engem Besuch an der Coque spiert een an allen Ecken, dass den Euromeet dëse Weekend erëm iwwert d’Bün geet. D’Installatioun vun der Technik leeft op Héichtouren, aus
allen Himmelsrichtunge komme Schwëmmer un. Am Trainingsbasseng vermësche Weltstare sech mat Schwëmmer, déi d’Ambitioun hunn, eemol esou gutt ze ginn. Quantitativ a qualitativ huet den Euromeet, ee vun de renomméierte Meetingen aus Europa, alt erëm eng Kéier zougeluecht.
Wat Lëtzebuerger Delegatioun ubelaangt, sou deelt de Nationaltrainer d’Schwëmmer an 3 Gruppen an, mat ënnerschiddlechem Potential an Zieler. Engersäits Schwëmmer, déi perséinlech Beschtzäite wëlle schwammen, fir déi d’Erreeche vu Finallen nach kee realistescht Ziel ass. An eng zweet Grupp, mat Jonken déi sech nach entwéckelen, déi moies nach alles musse ginn, fir am Nomëtteg eventuell an eng B-Finall ze kommen.
Vun eisen Toppschwëmmer si Fabiani an Daleiden net am Asaz, well se an Amerika Sport a Studium kombinéieren, de Finn Kemp an de Joa Carneiro wäerte sech spannend Dueller liwweren an eng A-Finall upeilen, géint eng extrem staark Konkurrenz mat net manner wéi 9 Schwëmmer, déi am 100 Meter Brasse schonn ënnert der Minutt geschwomme sinn. Bei de Meedercher sinn d’Aen op d’Emma Barthel geriicht. Déi 15 Joer al Schwëmmerin huet schonn 3 national Rekorder.
Rendez-vous an der Coque, dëse Weekend, fir Schwammsport um héchsten Niveau z’erliewen. RTL wäert och live vun der Plaz iwwerdroen, op RTL Zwee an op RTL.lu.