De Leidelenger Wanterlaf gouf fir d'19. Kéier organiséiert. Et ass en Zesummespill vun der Gemeng mat der Sportskommissioun. Dës Kéier ware ronn 700 Leefer a Leeferinnen ageschriwwen, wat eng däitlech besser Zuel ass wéi déi 100 Participanten, déi bei der Editioun am Covidjoer 2020 matgemaach haten. Deemools huet ee missen op eng Summereditioun ëmswitchen.
Mat der Suzy Godart war bei de Minustemperaturen och eng Vëlosfuererin beim Wanterlaf dobäi. Si huet dofir gesuergt, dass d’Leefer a Leeferinnen de richtege Wee fonnt hunn, an ass mat hirem Vëlo un der Spëtzt gefuer.