Olympesch WanterspillerHistorescht Gold fir Brasilianer Braathen am Riseslalom, Matthieu Osch op Plaz 46

Jeff Birsens
Mam Matthieu Osch war e Samschdeg de Moien den éischte vun zwee Lëtzebuerger op dësen Olympesche Wanterspiller un den Depart gaangen.
Luxemburg's Matthieu Osch passes a gate in the first run of the men's giant slalom alpine skiing event during the Milano Cortina 2026 Winter Olympic Games at the Stelvio Ski Centre in Bormio (Valtellina) on February 14, 2026. (Photo by Fabrice COFFRINI / AFP)
© AFP

E Samschdeg de Moien huet sech de Lucas Pinheiro Braathen am Riseslalom zu Bormio d’Goldmedail virum Marco Odermatt an dem Loïc Meillard geséchert. Et ass déi éischt Medail iwwerhaapt, déi ee Brasilianer bei Olympesche Wanterspiller wanne konnt.

Op der legendärer Stelvio-Pist huet um 10.00 Auer am éischten Duerchgang de Brasilianer Lucas Pinheiro Braathen mat der Startnummer 1 direkt eng staark Zäit opgestallt, un déi bis zum Schluss vum 1. Laf och kee méi drukomme konnt. De Marco Odermatt louch als Zweete scho knapp eng Sekonn hannendrun. De Matthieu Osch ass mat engem Chrono vun 1:25.06 Minutt a mat engem Ecart vun iwwer 11 Sekonnen op déi 50. Plaz gefuer a konnt domat am zweeten Duerchgang kee Wuert méi an den Top30 matschwätzen. Um Enn war fir de Lëtzebuerger nach déi 46. Plaz erausgesprongen.

Am zweeten Duerchgang vun 13.30 Auer u sollt et bis zum Schluss spannend bleiwen. Duerch de Schnéi, deen op d’Pist gefall ass, war d’Siicht fir d’Athleeten och net méi déi Bescht an deen een oder anere gouf dobäi dann och eliminéiert. Obwuel de Lucas Pinheiro Braathen mat sengem zweete Laf nëmmen déi 11. séierst Zäit gefuer ass, sollt dës um Enn duergoen, fir sech un der éischter Plaz ze behaapten an de Marco Odermatt um Podium mat engem Ecart vun 0.58 Sekonnen hannert sech ze loossen. Déi drëtt Plaz war fir de Loïc Meillard mat engem Réckstand vun 1.17 Sekonnen.

E Sonndeg de Moien um 10.00 Auer geet da mam Gwyneth ten Raa, och am Riseslalom, déi zweet Lëtzebuergerin un den Depart.

Iwwersiicht vun den Olympesche Wanterspiller 2026

Back to Top
CIM LOGO