D'SEAT-Lëtzebuerg-Billie-Jean-King-Cup-Ekipp huet e Mëttwoch den Optaktmatch géint Andorra mat 2:1 gewonnen. D'Eleonora Molinaro konnt sech am Eenzel géint d'Laura Pichel mat 6:0 a 6:1 duerchsetzen. D'Marie Weckerle huet sech an hirem Eenzel géint d'Nummer 111 Victoria Jimenez Kasintseva misse mat 4:6 an 1:6 geschloe ginn. Den entscheedende Punkt konnten d'Eleonora Molinaro an d'Marie Weckerle sech am Dubbel géint d'Judit Cartana Alana an d'Victoria Jimenez Kasintseva mat 6:3 a 6:3 sécheren.
En Donneschdeg waart um 10:00 Auer Estland als nächste Géigner am Grupp A. Nach bis den 19. Juni gi beim Tournoi an Andorra d'Gruppematcher gespillt. D'Halleffinalle sinn den 20. Juni, hei treffen d'Gruppegewënner openeen. D'Gewënner vun den Halleffinalle steigen op. D'FLT-Damme spillen den Ament am Europa Grupp 3.
D'Claudine Schaul huet follgend Spillerinnen nominéiert: Marie Weckerle, Eleonora Molinaro, Onalee Wagner an d'Leila Fabbri.