Nodeems een am Grupp mat Andorra an Estland 2. gi war an esou d'Chance op den Opstig verpasst hat, goung et am Playoff e Samschdeg géint Montenegro ëm déi 5. Plaz.
Vun Ufank u war et eng däitlech Affär fir d'Lëtzebuerger Ekipp. Am éischten Eenzel huet d'Eleonora Molinaro sech bannent 52 Minutten an zwee Sätz (6:1, 6:1) géint d'Petra Mirkovic behaapt. Och d'Marie Weckerle hat an hirem Eenzel keng Problemer mam Masa Prijovic a konnt sech mat 6:2 a 6:1 duerchsetzen. Domat huet keen Dubbel méi musse gespillt ginn an d'Lëtzebuerger Ekipp mat der Kapitänin Claudine Schaul huet sech déi 5. Plaz geséchert.