
D'Lëtzebuerger Tennisfederatioun wëll sech an den nächste Jore weider professionaliséieren. Déi Responsabel vun der FLT ronderëm de President Claude Lamberty hunn an deem Kader d'Decisioun geholl, fir de Gilles Muller als Directeur Sportif (Nationaltrainer) ze engagéieren, dat huet den FLT-President um Freideg verroden. De beschte Lëtzebuerger Tennisspiller vun allen Zäiten ass aktuell schonn de Kapitän vun der Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp. Hie wäert den 1. August dëst Joer seng nei Aufgaben iwwerhuelen.
E Freideg den Owend huet d'FLT hire Kongress zu Hesper. Hei wäert dat Ganzt offiziell matgedeelt ginn. Am Juli wëll d'FLT de Gilles Muller op enger Pressekonferenz virstellen an da weider Detailer iwwer déi zukünfteg Roll vum fréiere Profi bei der FLT bekannt ginn.
De Gilles Muller ass zanter Enn 2025 Directeur Sportif bei der Spora. Dës Aufgab wäert hie fir säin neie Posten opginn. D'FLT ass frou, datt de Veräin d'accord war, fir de Kontrakt mam Gilles Muller fréizäiteg opzeléisen.