D'Lëtzebuerger Billie-Jean-King-Cup-Ekipp huet beim Tournoi an Andorra d'Qualifikatioun fir d'Halleffinalle verpasst an domadder och d'Chance op den Opstig. D'FLT-Damme spillen ëm Samschdeg géint Montenegro ëm déi 5. Plaz.
No der Victoire géint Andorra e Mëttwoch gouf et fir d'Lëtzebuergerinnen en Donneschdeg eng 0:3-Néierlag géint Estland. D'Eleonora Molinaro hat hiren Eenzel an dräi Sätz mat 3:6, 6:4 an 2:6 géint d'Elizaveta Anikina verluer. Am zweeten Eenzel huet sech d'Marie Weckerle an zwee Sätz mat 3:6 an 1:6 géint d'Elena Malygina misse geschloe ginn. An am Dubbel gouf et fir de Lëtzebuerger Duo (Leila Fabbri an Onalee Wagner) eng 2-Saz-Néierlag (0:6 an 3:6) géint den Duo Ingrid Neel a Laura Rahnel.
Am Grupp A kënnt Lëtzebuerg um Enn op déi 2. Plaz. Gruppenéischte gëtt Estland, dat nieft Lëtzebuerg och Andorra klappt huet.