
An der Mëttesstonn war den Tirage vun den Matcher. Den Chris Rodesch (ATP-Ranking 138) spillt e Samschden am éischten Simpel géint den Oleksii Krutykh (ATP-Ranking 569). Den Ukrainer steet 431 Plazen hannert der Lëtzebuerger Nummer 1 an der Weltranglëscht. Am Zweeten Simpel vum Dag kritt den Alex Knaff (ATP-687) et mam Vladyslav Orlov (ATP-499) ze dinn.
E Sonndeg geet et um 11 Auer mam Double weider. De Chris Rodesch an den Alex Knaff trieden da géint den Duo Viacheslav Bielinskyi an Oleksandr Ovcharenko un. Sollt d’Decisioun bis dohi scho gefall sinn, géif de Chris Rodesch trotzdeem nach eng Kéier géint de Vladyslav Orlov spillen. Am leschte Simpel vun der Renconter, deen awer net onbedéngt gespillt gëtt, kritt den Alex Knaff et mam Oleksii Krutykh ze dinn.