
E Sonndeg kéint eng aussergewéinlech Säit an der Geschicht vum Lëtzebuerger Hockey geschriwwe ginn. Béid Dammen- an Hären-Nationalekippen hunn sech fir d'Medaile-Matcher bei den EuroHockey Qualifier 2 zu Helsinki qualifizéiert.
D’Dammen, déi vun der Natalia Garcia Delvalle trainéiert ginn, hu sech um Samschdeg mat engem staarken 3:1 géint Gibraltar de Wee an d'Finall fir d'Goldmedail fräigespillt. Den éischte Match vum Turnéier hate si mat engem 3:0 géint Finnland gewonnen, duerno awer 2:4 géint Ungarn verluer. Fir d'Finall ze erreechen, war eng Victoire mat zwee Goler Differenz néideg, wat si trotz dem Ausfall vun der Kapitänin Daphne Parisis gepackt hunn.
D'Hären, ënnert der Leedung vum Trainer Fede Tanuscio, hunn och fir eng Sensatioun gesuergt. Si hu sech mat engem impressionante 5:0 géint Ungarn zeréckgemellt, nodeems si den éischte Match 2:1 géint Litauen verluer haten. Si spillen elo ëm d'Bronzemedail, géint Finnland oder Malta.
E Sonndeg spillen d'Lëtzebuerger Ekippen domat eng éischt Kéier ëm Medailen a kéinte Geschicht schreiwen.