
Et war eng Dammefinall, wéi ee sech dat erhofft hat: dräi Sätz, intensiv Ballwiesselen, spannend bis zum Schluss. Um Enn duerft sech déi 21 Joer jonk Lina Noskova iwwer hiren éischten Titel zu Wimbledon an och hiren éischte Grand-Slam-Titel freeën. Si huet sech an der Finall 6:2, 5:7, 6:3 géint hir Landsfra Karolina Muchova duerchgesat. Och fir d'Muchova wär et den éischten Titel um hellegen englesche Wues gewiescht. Béid Spillerinne ware bei den Olympesche Spiller 2024 am Dubbel fir hiert Land ugetrueden.
Ënnert den Ae vun der Princess of Wales Catherine hat et nom éischte Saz no enger klorer Affär fir d'Noskova ausgesinn, well si d'Muchova dominéiert hat. Déi 29 Joer al Nummer 9 an der Weltranglëscht huet sech am zweete Saz zeréckgekämpft. Beim Stand vun 2:5 huet si fënnef Jeuen hannertenee fir sech entscheet an esou fir en drëtte Saz gesuergt. Och dee war ganz intensiv, mee um Enn hat d'Noskova méi Reserven an duerft déi prestigiéis Trophée aus Gold an d'Luucht hiewen. Si ass déi drëtt Tschechin an de leschte 15 Joer (Petra Kvitova a Barbora Krejcikova), déi de Grand Slam zu Wimbledon gewanne konnt.
Am Virfeld hat sech d'Koppel aus dem Finn Harri Hellövaara an dem Britt Henry Patten d'Victoire am Dubbel bei de Männer geséchert. Si waren an zwee Sätz (7:6, 7:6) dem Marcelo Arévalo (El Salvador) an dem Mate Pavic (Kroatien) iwwerleeën.