
E Sonndeg war zu Frankfurt d'Europameeschterschaft am Ironman. Dobäi huet de Lëtzebuerger Moris Brust d'Kompetitioun a senger Altersklass (25 bis 29 Joer) gewonnen. Dat an enger Zäit vu 5 Stonnen, 40 Minutten an 1 Sekonn. Hie war mat 308 anere Kontrahenten an dëser Altersklass un den Depart gaangen. De Brust ass och nationale Champion iwwer déi laang Distanz am Triathlon.
Wéinst den héijen Temperature war de Parcours vum Langener Waldsee bis op de Frankfurter Römerberg verkierzt ginn. Insgesamt waren 3,8 Kilometer Schwammen, 125 Kilometer Vëlofueren an 21,1 Kilometer Lafen zeréckzeleeën; normalerweis wären et 180 Kilometer Vëlofueren an 42,2 Kilometer Lafe gewiescht. Neien Ironman-Europameeschter ass den Norweeger Casper Stornes, deen och aktuelle Weltmeeschter ass. De Brust gouf mat senger Zäit (5:40:01) den 49. ënner méi wéi 2.200 Participanten.