LiichtathleetikVera Bertemes a Ruben Querinjean realiséieren nei Landesrekorder

RTL Lëtzebuerg
Si hunn dës nei Beschtzäite beim Meeting zu Metz opgestallt. D'Patrizia van der Weken ass eng nei perséinlech Beschtzäit gelaf.
© John Thys AFP (Archiv)

Beim Indoor-Meeting vun der Liichtathleetik zu Metz hunn d’Lëtzebuerger staark Performancë gewisen.

D’Patrizia van der Weken huet de Meeting op der 60-Meter-Distanz gewonnen. Dat an enger Zäit vun 7,08 Sekonnen, wat fir si nei Beschtzäit an dëser nach jonker Saison bedeit. D’Lëtzebuerger Sportlerin vun zejoert war domat 0,3 Sekonne méi séier wéi d’Hollännerin Minke Bisschops a souguer 0,11 Sekonne méi séier wéi d’Jael Bestue aus Spuenien.

De Ruben Querinjean huet iwwer 3000 Meter en neie Landesrekord realiséiert. Mam Yann Schrub, dee mat 7:29,38 en neie Meeting-Rekord an e franséische Landesrekord opgestallt huet, konnt de Lëtzebuerger zwar net mathalen, mee et goung duer fir Plaz 2. Dat an enger Zäit vun 7:40,64. Eréischt virun dräi Wochen hat hie mat 4:40,72 en neie Rekord opgestallt. De Querinjean war knapp 4 Sekonne méi séier wéi den Drëttplacéierte Abdisa Fayisa (7:44,83).

Och der Vera Bertemes ass zu Metz en neien nationale Rekord iwwer 3000 Meter gelongen. Op der Arrivée blouf de Chrono bei 9:04,66 stoen, wat fir Plaz 11 duergoung. Si huet domat hir eege Beschtzäit vun zejoert (9:07,54) ëm 2,88 Sekonne verbessert. An der C-Finall iwwer 3000 Meter bei der Jugend war och d’Nowuesstalent Maxine Liebens-Thein am Asaz. Déi jonk Lëtzebuergerin koum an enger Zäit vun 9:57,57 op déi gutt fënneft Plaz. Och fir si war et eng nei national Beschtzäit. D’Libens-Thein huet och nei Rekorder an de Jugendkategorien iwwer 2000 Meter Indoor an eng Meil gelaf.

Back to Top
CIM LOGO