
E Samschdeg an e Sonndeg stoungen déi national Badminton-Meeschterschaften am Eenzel an am Dubbel um Programm. Heibäi hu sech déi bescht Spiller a Spillerinnen aus dem Land gemooss. Un der Spëtzt gouf et Kontinuitéit, mee et koum och zu engem Generatiouneniwwergang.
Am Dammen-Eenzel huet déi eréischt 17 Joer jonk Zoé Du den Titel gewonnen. An der Finall huet si sech géint d’Myriam Havé, Titelverdeedegerin a sechsfach national Meeschterin, mat 21:5 an 21:17 duerchgesat. Dës Victoire markéiert eng wichteg Etapp an hirer sportlecher Entwécklung a versprécht méi fir d’Zukunft.
De Jérôme Pauquet huet säi Status als national Referenz eng weider Kéier ënner Beweis gestallt. Mat engem 21:15 an 21:19 géint den Noah Warning konnt hie säi sechsten nationalen Titel hannertenee gewannen an domat Geschicht schreiwen. Bis dohi war dat nach kengem Spiller gelongen. De Rekord vu 5 Titelen hannerteneen hat hie sech bis dohi mam Robert Mann an dem Yves Olinger gedeelt, déi hir Meeschterschaften Ufank den 200er-Jore gesammelt haten.
No hirer Néierlag am Eenzel huet d’Myriam Havé awer am Dubbel mat der Tessy Aulner hir impressionant Serie ausgebaut an den drëtten Titel hannertenee gefeiert. Fir d’Havé war et souguer de siwenten nationalen Titel am Dubbel hannerteneen, wat eng aussergewéinlech Leeschtung duerstellt. An der Finall hunn Havé an Aulner 21:17 an 21:18 géint den Duo Ajsela Licina a Zoé Sinico gewonnen.
De Yannick Feltes an de Jérôme Pauquet hunn an der Finall géint den Tom Feltes an de Sam Reinert näischt ubrenne gelooss a sech kloer mat 21:15 an 21:9 duerchgesat.
Am Mixed-Dubbel koum et zum spannendste Match vun de Meeschterschaften 2026. D’Finall goung iwwer dräi Sätz an um Enn duerfte sech d’Zoé Sinico an de Yannick Feltes iwwer de Championstitel freeën. Si hu sech géint d’Koppel Myriam Havé a William Wang 20:22, 21:19 an 21:17 behaapt.