Viru ronn engem Mount ass zu London déi 2 Stonne-Barrière direkt zwee Mol ënnerbuede ginn. Ee wichtege Faktor, dass d’Leefer ëmmer méi séier ginn, ass d’Entwécklung vun de Lafschong. Mee wéi grouss ass den Afloss vun de Schong wierklech.
Viru ronn 10 Joer koum hei den Duerchbroch, deemools vun Nike. D‘Kombinatioun aus dem spezielle Schaum, enger méi décker Suel an der Karbonsplack wierkt wéi eng kleng Fieder am Schong a suergt dofir, dass den Energieverloscht beim Lafe miniméiert gëtt. Marke wéi Adidas a Puma konnten an deene leschte Joren och hir Schong verbesseren, sou dass de Sebastien Sawe zu London mat den Adidas Pro Evo 3 an enger Stonn 59 Minutten an 30 Sekonne gewanne konnt. Och bei den Damme konnt d'Tigst Assefa mat deene selwechte Schong hire Rekord ëm néng Sekonne verbesseren.
D‘Vitesse entseet awer net eleng duerch de Schong. Och eng speziell Laf-Technik souwéi Training an déi néideg Erfarung spillen eng grouss Roll.
Trainéiere mécht d’Jenny awer a Lafschong ouni Karbonsplacken, dat well déi méi schounend fir d’Muskulatur sinn.
Etuden no maachen d’Karbonsschong zwee bis véier Prozent méi séier. Mee et sinn net nëmmen d’Karbonsschong eleng, déi am Laangstrecke-Lafsport zu ëmmer méi séieren Zäite bäigedroen hunn. Och d’Entwécklung am Training an der Ernärung a Regeneratioun hunn iwwert déi leschte Joren zu ëmmer nees neie Rekorder gefouert. Also de Schong hëlleft wuel, Lafe muss um Enn awer jidderee selwer.