
D'LuxOpen am Taekwondo zielen zu engem vun de gréissten Turnéieren an Europa. Op der 10. Editioun an der Coque gouf et am Ganzen zwee Mol Gold an dräi Mol Bronze fir Lëtzebuerg.
An der Kategorie -73kg vun de Juniore konnt de Christopher Wünsch eng vun den zwou Lëtzebuerger Goldmedaile gewannen. Hie konnt sech an enger knapper Finall mat 2:1 géint de Schwäizer Davud Güllü behaapten. Déi zweet Goldmedail fir Lëtzebuerg huet dann de Sekou Coulibaly an der Kategorie -68kg vun de Seniore geséchert. Fir hie stoung an der Finall den Hollänner Jesse Van Vulpen géigeniwwer, deen dann awer op Grond vun enger Blessure net untriede konnt.
Donieft hunn de Luca Wünsch (-68kg, Juniors), de Fadeby Coulibaly (-63kg, Seniors) an d'Lily Schmit (+59kg, Cadets) Bronze fir Lëtzebuerg geholl.