An der Emissioun Kloertext goung et dësen Donneschdeg ëm d'Logementsproblematik zu Lëtzebuerg.

D'Problematik ëm de Logement ass schonn al an e Réckbléck, deen am Ufank vun der Sendung stoung, huet gewisen, dass d'Aussoe vun de Politiker virun 30 Joer quasi déi nämmlecht waren ewéi haut. Ma wat sinn dann d'Léisungsusätz? Brauch et méi drastesch, méi aschneidend Mesuren?

De Problem ass bekannt, ma geschitt ass näischt, dat ass den Androck, dee séier entsteet. An deen och um Terrain verbreet ass, wéi d'Architektin Sala Makumbundu schonn am Ufank vun der Emissioun däitlech gemaach huet.

"Ech schaffen elo 23 Joer als Architektin hei am Land an effektiv confirméieren ech dat, wat am Film hei gewise ginn ass. Et gëtt ëmmer gesot, et kann net méi weidergoen, et kann net méi deier ginn, et gëtt awer méi deier. Ech menge schonn, dass mer op engem Punkt ukomm sinn, wou mer méi radikal un déi Saach mussen drugoen. An ech sinn och averstanen, dass mer dat all zesumme musse maachen."

Et géing awer elo net nëmmen drëms goen, séier vill ze bauen. D'Liewensqualitéit muss nieft der Masse nach eng Roll spillen, esou d'Architektin an Generalsekretärin vum OAI Sala Makumbundu.

Resumé Kloertext Logement / Rep. Monica Camposeo

Bei enger Populatioun, déi an de leschten 20 Joer ëm bal 200.000 Leit gewuess ass, ass et net verwonnerlech, dass et u Wunnraum feelt. De Staat géing awer intervenéieren, 96 Milliounen Euro goufen d'lescht Joer fir abordabele Wunnraum ausbezuelt, huet de Logementsminister Henri Kox erënnert. Och wann dat nach ëmmer net genuch wier, misst ee consideréieren, dass deen Investissement an de leschte Joren ëmmer nees geklommen ass. Virun allem a Locatiounswunnenge misst elo investéiert ginn, esou de Minister. Dofir soll en Automatismus agefouert ginn:

"Dass en Deel vum Terrain d'office beim Bauen elo bei engem PAP, also e Projet d'aménagement particulier, dass deen un de Staat fält, d'office 10, 20 bis 30 Prozent. An doduerch de Promoteur, deen eppes zousätzlech baut, 10 Prozent méi Baurecht kritt. Dat heescht, et ass e Win-win a mir wäerten dat festschreiwen an de Pacte Logement."

De Roland Kuhn, President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Entrepreneuren, begréisst dës Mesure:

"Eng Baufirma wëll bauen. Mir beschäftegen 20.000 Leit an deem heite Land an déi musse bauen. An ech schwätzen elo net vun de Promoteuren. Mä mir mussen awer och Terrainen hu fir ze bauen an dee Problem ass relativ grouss, fir Bauterrain ze hunn am Bauperimeter."

Bauterrain dierf also net einfach Broch leien. De Minister Kox huet sech däitlech dofir ausgeschwat, dass d'Baulücken "substantiell musse besteiert ginn", jee nodeems wéi vill een der besëtzt. Fir d'Besteierung vun der Plus-value wier deemnächst en Debat an der Chamber ugefrot, wou d'Parteie sech da kënnen äusseren.

De Gary Diderich, Co-Spriecher vun déi Lénk a President vun der Mietkommissioun vun Déifferdeng huet fonnt, dass de politesche Wëllen, konkret eppes ze änneren, nach ëmmer feelt:

"D'sozial Mixitéit geet zu Lëtzebuerg anscheinend nëmmen an eng Richtung. Zu Déifferdeng zum Beispill ass gesot ginn, dass am Zentrum keng Sozial Mietwunnenge méi dierfe gebaut ginn, well do scho méi sozial schwaach Leit sinn. Mä um Belair ass awer net virgesinn, Haiser opzekafen, fir dorausser soziale Wunnengsraum ze maachen. Esou e Programm gëtt et weder vum Ministère, nach vun der Stad Lëtzebuerg."

Un Alternative feelt et zu Lëtzebuerg. D'Architektin Sala Makumbundu huet zum Beispill d'Propos gemaach, op Bauterrainen, déi d'Proprietären net wëllen hierginn, mobil a flexibel ze bauen. Da kéint den Terrain no 15, 20 Joer nees fräi gemaach ginn.

Méi kreativ, méi pragmatesch, méi flexibel a méi séier, dat sinn d'Stéchwierder, déi am Kloertext gefall sinn. Wat d'Richtung ugeet, ware sech d'Invitéen eens. An Iddie ginn et duerchaus, just d'Ëmsetzung feelt nach.

Eis Invitéen

Henri Kox
Logementsminister
Déi Gréng

Sala Makumbundu
Architektin
Generalsekretärin OAI

Roland Kuhn
President vun der Fédération vun de lëtzebuerger Entrepreneuren
Leet seng Baufirma an der 6. Generatioun

Gary Diderich
Co-Spriecher vun déi Lénk
President Mietkommissioun Déifferdeng

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)