Eng richteg Acceleratioun, wat d'Präisser betrëfft, gouf et an de leschten 3 Joer hei am Land.

Bannent engem Joer sinn d'Logementspräisser zu Lëtzebuerg ëm 16,7 Prozent geklommen, dat an der Period vum 4. Trimester 2019 bis dat véiert Trimester 2020. Al Appartementer sinn ëm 15,8 Prozent méi deier ginn, neier ëm 14,4 Prozent. Bei Haiser ass et eng Hausse vun 19,7 Prozent.

Wéi entwéckele sech d'Präisser?

RTL

D'Wunnen zu Lëtzebuerg ass an de leschte Joren ëmmer méi deier ginn, mat enger weiderer Acceleratioun an de leschten dräi Joer.

An der Moyene kascht een Haus am Kanton Lëtzebuerg 1,35 Milliounen Euro. Dat nämmlecht Haus géif am Norde vum Land nëmmen hallef esouvill kaschten. Wat ee méi no un der Haaptstad wunnt, wat et méi deier ass.

RTL

Wou ass et am Deiersten, fir ze liewen?

*Déi folgend Tabelle weisen déi duerchschnëttlech Verkafspräisser pro Quadratmeter Buedemfläch fir den Zäitraum vum 1. Januar bis den 31. Dezember 2020, an de Gemengen, fir déi op d'mannst 10 Transaktiounen an engem vun de Segmenter opgeholl ginn.

RTL

Wou ass de Wunnengsraum am gënschtegsten?

RTL