Kafen oder Lounen, béides gëtt am Lëtzebuerger Land vu Joer zu Joer méi deier.

Déi eng reiwe sech d’Hänn, déi aner schloen d’Hänn iwwert dem Kapp zesummen. D’Situatioun trëfft besonnesch Leit, déi bis elo net Proprietär vun engem Haus oder enger Wunneng sinn. Vill verschidde Leit, vu jonk bis al, Singelen, Familljen an Elengerzéiender. Op en Opruff vun RTL zum Thema Logement am Abrëll hu sech vill Leit gemellt. Zwee Betraffener hunn eis vun hirer Situatioun gezielt.

Héich Loyerspräisser brénge Singelen an Elengerzéiender un hir existenziell Grenzen

Portrait Sofie Verstaeten
Déi jonk Fra schafft, verdéngt Suen an huet awer net genuch Budget, fir sech zu Lëtzebuerg eppes ze kafen oder ze lounen.

D’Sofie Verstaeten huet eng Ausbildung, schafft, verdéngt Suen an awer fënnt si zu Lëtzebuerg näischt, wat hirem Budget an hire Virstellunge vun enger gemittlecher Wunneng entsprécht. Nach huet si d’Chance, mat hire 25 Joer am Elterenhaus wunnen ze kënnen. De Wonsch, sech eleng eng Wunneng op der Musel ze lounen, ass grouss. Si huet sech e Budget vun 1.000 Euro gesat, mä no 6 Méint Siche séier erausfonnt, dass et fir dee Präis schwéier ass, hei am Land eppes ze fannen. Schlussendlech huet si d’Entscheedung getraff, iwwert d’Grenz ze plënneren. An Däitschland huet si eng Wunneng fonnt, 90 Quadratmeter fir 950 Euro, Chargen inclus. Bei der aktueller Logementssituatioun zu Lëtzebuerg bleift hir, an an Zukunft vläicht villen anere Lëtzebuerger, just nach de Wee iwwert d’Grenz.

Waardelëscht vum Fonds de Logement wiisst ouni Enn

De Roland Werthessen a seng Fra waren am Joer 2000 a Spuenien ausgewandert. Wéi de fréieren Hotelsbesëtzer awer en tragescht Accident hat, ass d’Koppel rëm zeréckkomm an der Hoffnung op eng besser medezinesch Versuergung. Zanterhier liewe si vum „revenue pour personnes gravement handicapées“, wouvunner iwwer d’Hallschecht all Mount fir de Loyer dropgeet. An dat fir eng 42 Quadratmeter Wunneng um drëtte Stack vun enger aler Residenz ouni Lift. Fir de Roland, dee mat enger chronescher Bronchite kämpft an zanter sengem Accident Schwieregkeete beim Trapegoen huet, ass dat en deegleche Problem. Elo sti si zanter iwwer 6 Joer op der Waardelëscht vum Fonds de Logement. Zil wier et. eng abordabel Wunneng ze fannen. déi soit um Rez-de-chaussée soit an enger Residenz mat Lift wier. Bis elo ass den Erfolleg bei dëser Sich awer ausbliwwen.