1,5% vun de Residente wunnt an enger abordabeler Wunneng
D'Demande ass grouss, d'Offer kleng. Vill Leit sinn den Ament op der Sich no enger Wunneng am Grand-Duché.
Wéi vill Projete fir abordabele Wunnraum subventionéiert de Staat iwwerhaapt? Dat huet och d'Regierung sech gefrot a se huet am Abrëll zejoert en Outil geschaaft, fir sech selwer, an awer och der Chamber zum Beispill en Iwwerbléck ze verschafen. Dëse Spezialfong fir abordabele Wunnraum ass eng hallef Milliard Euro schwéier. Fir den éischte Rapport gouf extra eng Pressekonferenz organiséiert.
E Brochdeel vun den Awunner zu Lëtzebuerg wunnt aktuell an enger abordabeler Wunneng. Ongeféier 1,5 Prozent, wéi aus den Donnéeë vun der Regierung ervirgeet. Immens wéineg. An dorun ännert och kuerzfristeg dëse Spezialfong fir abordabele Wunnraum näischt. Op den éischte Bléck, géif de Logementsminister Henri Kox argumentéieren.
"De Fong ass en Instrument, dat eis Sue regroupéiert. Awer doduerch, dass mir driwwer schwätzen, dass mir gläichzäiteg eis ëffentlech Promoteure wéi SNHBM a Fonds du Logement, déi iwwregens 70 Prozent vun all de Projete representéieren, mobiliséieren... Si hunn opgestockt."
Et ass e laange Prozess, den Defizit u Wunnengen, déi och Leit mat manner héijem Akommes sech leeschte kënnen, opzeschaffen. Op de leschten Dezember gekuckt, waren 3.125 Wunnengen iwwer dëse Fong subventionéiert. Zejoert waren der 838 bäikomm.
Fir d'Projeten ze realiséieren, gi Zommen a Milliounenhéicht blockéiert.
"An déi gi lafend ausbezuelt, wéi de Projet entsteet. Deen, dee baut, kann dauernd liquide sinn a seng Projete realiséieren", sou den Henri Kox.
Am Inventar vun dësem Fong sinn 1.650 Wunnenge fir präiswäert ze lounen. 1.470 ginn der abordabel verkaf, an der Emphytheose.
Konkret Projeten, déi iwwer dëse Fong subventionéiert ginn, sinn zum Beispill den ''Elmen'' zu Kielen vun der SNHBM oder de Projet ''Neischmelz'' zu Diddeleng vum Fonds du Logement. Beim abordabele Wunnraum ass den Henri Kox fir eng kloer Gewaltentrennung: Déi ëffentlech Bauträger plangen a maachen d'Gestioun, déi privat Constructeure bauen.
"De Gewënn, deen erauszehuelen ass fir e Privaten, wann e misst iwwer 20 oder 40 Joer eng abordabel Wunneng zur Verfügung stellen. Den Ureiz ass net do. Mir brauche si bei der Professionalitéit vum Bauen a vun der Realisatioun. Sou si se mat am Boot."
Am Logementsministère geet een dovun aus, dass een den Effort bannent den nächste fënnef Joer kéint verduebelen. Zil ass et bis 2025 am Ganze 4.000 abordabel Wunnunitéiten ze bauen.