E Freideg de Moie war den CSV-Deputé-maire eisen Invité vun der Redaktioun.

De Sujet ass ganz komplex, mä iwwert déi lescht 10 Joer ass eng absolut verréckt Präis-Spiral entstanen an do kënne mer de Maart net einfach fräi agéiere loossen. De Moment ass komm, fir e bësse méi stramm Moossnamen z’ergräifen. Dat sot de Marc Lies, den Hesper Deputé-Maire an CSV-Logements-Spriecher um Freideg de Moien. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

Privat Proprietäre mat an d'Boot huelen
An de leschte Joren hätt d'CSV un enger ganzer Panoplie u Propose geschafft. 2019 hätt een am ganzen 23 Proposen op den Dësch geluecht, dovunner 4 Gesetzespropositiounen an 9 Motiounen déi an der Chamber deposéiert goufen. Eng dovunner wär souguer am Pacte Logement 2.0 gelant, mee elo awer duerch een Amendement ministériel ofgeschwächt ginn.
    
Et misst een elo virun allem de privaten Investisseur verstäerkt mat an dat soziaalt Mietboot huelen, sou de Marc Lies. Leit, déi Suen op der Säit hätten an déi wéilten hiert soziaalt Gewësse berouegen, kéinten zum Beispill eng Wunneng an déi se investéiert hunn, duerno ënnert abordabele Konditioune verlounen. Natierlech misst de Staat dat och mat Subsiden ënnerstëtzen an anerersäits missten déi Proprietären sech och verflichten, hir Wunneng fir déi nächst 15-20 Joer ze verlounen. Et géing definitiv un abordabele Mietwunnenge feelen, sou den Hesper Buergermeeschter.

Alternativ Wunnformen
Wat déi alternativ Wunnformen ugeet, wéi Tiny Houses, Co-Locatiounen oder Cooperativen, dierft ee sech kenger Iddi méi verschléissen, sou de Marc Lies. D'Gemeng Esch, wou d'CSV mat um Rudder ass, hat awer an hirem PAG all Wunngemeinschaft verbueden an där Leit zesumme wunnen, déi net Famill matenee sinn oder an enger Partnerschaft waren. Dat wär net esou gewollt gewiescht, erkläert den Hesper Buergermeeschter. Si géinge Wunngemeinschaften ënnerstëtzen. Si hätten e Passus an hirem Text stoe gehat, dee wär awer mëttlerweil ugepasst ginn. Et misst een och an Zukunft op de Wee goen an dës modern Form vum Wunnen ënnerstëtzen.

Mobil Modullen op net-bebaute Bauterrainen?
D’Architektin an Generalsekretärin vum OAI, dem Ordre des Architectes et Ingénieurs, Sala Makumbundu huet en Donneschdeg den Owend am Kloertext d’Iddi an d’Spill bruecht, fir op Bauterrainen, déi d'Proprietären net wëllen hierginn, mobil a flexibel ze bauen. Zum Beispill mat Modullen, déi een duerno einfach nees kéint forthuelen an op enger anerer Plaz opriichten. Da kéint den Terrain einfach no 15-20 Joer nees fräigemaach ginn, ma antëscht hätt ee ville Leit Wunnraum geschaaft.

Et kéint ee sech alles virstellen, sou den CSV-Responsabel fir den Dossier Logement, mee de Problem wär fir iwwerhaapt un den Terrain ze kommen. Déi privat Proprietären hätte e gewëssene Problem domat, wann et ëm hire Baugrond géing goen, dacks wären dat och eeler Leit. Mee wien dat soll geréieren, wie sech duerno drëm këmmert, fir dat nees fortzehuelen a wien dat alles soll bezuelen, dat sinn déi Froen, déi sech bei deem Sujet géinge stellen. D'Iddi wär sécherlech net schlecht, ma d'Ëmsetzung wär schwiereg. Theorie a Praxis eben.

Phenomen vum Nimbyismus
Et wier e Problem, dass vill Leit zwar wéilten, dass sech eppes beweegt, mee „Not in my backyard“, also spréch net bei mir an der Géigend oder an der Gemeng. Viru Jore wier probéiert ginn, ënnert dem Jean-Claude Juncker, fir just d'Hallschent vun der Plus-Value ze besteieren, dat hätt och en gewëssenen Effet gehat, mee et géing net duergoen. Et wier ëmmer gesot ginn, fir et mat Zuckerbrot ze probéieren, mee haut misst méi a méi d'Peitsch erausgeholl ginn, och wann dat géing martialesch kléngen.

Nei Mesure am Pacte Logement ass „Augenwischerei“
De Logementsminister Henri Kox hat en Donneschdeg am Kloertext präziséiert, dass en neien Automatismus géing agefouert ginn. Konkret soll beim Bau an engem PAP elo d’office 10, 20 bis 30 Prozent vun de Wunnengen un de Staat goen. De Promoteur soll dofir 10 Prozent méi Baurecht kréien. Dat wär e Win-Win, sou de Minister. Fir den Hesper Buergermeeschter wier dëst „Augenwischerei“. Dat géing um Terrain net fonctionéieren. Et misst ee sech froen, wéi d'Gemengen dat do iwwerhaapt sollen ëmsetzen. All d'PAGen déi elo opgestallt goufe vun de Gemengen, géingen domat nees iwwer de Koup geheit- oder adaptéiert ginn.

Ufanks Abrëll wier ee mat der Ännerung an der Logementskommissioun iwwerrascht ginn. Et hätt ee mol net kéinten uerdentlech iwwer den Text diskutéieren, ier en un de Staatsrot gaangen ass. Och um Terrain géingen Architekten, Ingenieuren, Urbanisten net vill dovun halen, dofir hätt d'CSV och en Donneschdeg een Amendement zum Artikel 10 vum Aménagement communal 29bis eragereecht, wou ee méi Detailer wëll ginn.

Ugangs hätt een den Artikel 10 jo begréisst, well dra stoung, dass 30 Prozent vun de Wunnenge sollen un de Staat goe fir abordabele Wunnraum ze schafen, wann de Perimeter erweidert gëtt. Ma elo wär d'Regierung higaangen an hätt dat op 20 Prozent reduzéiert.  Do géing ee sech froen, wou déi sozialistesch Partei géing bleiwen, sou nach de Marc Lies.

Invité vun der Redaktioun: Marc Lies

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.