Brauch et Atomstroum als Bréckentechnologie fir d'Energiewend a fir CO2-neutral ze ginn? Zu Lëtzebuerg ass d'Diskussioun iwwer Atomenergie nees lancéiert.

De Premier Luc Frieden huet zu Lëtzebuerg d'Diskussioun iwwert Atomenergie nees lancéiert, wéi en um éischte groussen internationale Sommet vun der Atomenergie zu Bréissel sot "et sollt een d'Atomenergie manner ideologesch gesinn."

Hien huet déi Ausso duerno awer relativéiert. Virop de Koalitiounspartner war verwonnert iwwert d'Wieder vum Regierungschef. Am Contraire zur DP, sinn déi Jonk Demokrate méi oppen, wann et ëm Atomenergie geet. Dat am Kloertext däitlech.

De Lou Linster ass President vun der JDL an huet am Contraire zur Mammepartei de Virstouss vum Luc Frieden begréisst.

"Mir gesinn net, wéi et mëttelfristeg méiglech ass, klimaneutral ze gi just mat erneierbaren Energien, well mer déi net stockéiere kënnen a mir mussen awer och de 16. Dezember, wa kee Wand ass an och keng Sonn ass, awer nach genuch Stroum hunn an dat ass déi Diskussioun, déi mer musse féieren."

De gréngen Deputéierte François Bausch ënnersträicht, datt ee sech a sengen Aen eben net just op Sonn a Wand dierft fokusséieren, mä och aner Forme vun erneierbaren Energie misst consideréieren.

"Geothermie, Gezeitekraaftwierker wou mer d'Stréimung vum Mier kënnen notzen. Et gëtt eng Hellewull vun erneierbaren Energien, - wa mer déi Suen an d'Fuerschung stiechen, déi mer elo an d'Atomenergie stiechen- da kréie mer Energieproduktioun an Europa, déi propper ass a wou mer net méi ofhängeg si vun iergendengem ausserhalb vun Europa. Dat muss dach d'Zil sinn. Och fir d'Industrie Här Winkin. Dir musst dach kënnen ënnerschreiwen, datt mer eis eng Kéier komplett onofhängeg maachen, grad an där Welt, an där mer haut liewen."

Fir de René Winkin, den Direkter vun der Fedil ass de Stockage vun erneierbaren Energien awer ee vun de grousse Problemer. Batterie wiere keng Léisung, déi wieren do, fir d'Schwankungen auszegläichen, net fir Stroum iwwer Wochen a virun allem iwwert de Wanter ze stockéieren.

"Dat misste riseg Capacitéite ginn. Just fir Iech e Beispill ze ginn, d'Pompwaasserspäichwierk zu Veianen, wann der et ganz géint auslafe loossen, ass et a véier an enger hallwer Stonn eidel. Dat heescht, och eng Zentral wéi Veianen kënnt der net huelen, fir Energie vum Summer an de Wanter ze droen. Do musse mer wierklech dann eppes hunn, wat mer a risege Quantitéite stockéiere kënnen. Dat ka Waasserstoff sinn, dat wäert och Waasserstoff musse sinn. D'Fro ass einfach de Mix." Fest steet, datt al Reakteren elo mol bis op Weideres bleiwen.

Bis eng nei Zentral funktionéiert kann et bis zu 40 Joer daueren, gëtt de François Bausch ze bedenken. Al Reakteren, déi ëmmer verlängert ginn, maachen awer ënnert anerem dem Roger Spautz vu Greenpeace grouss Suergen.

"Déi Reakteren, déi et elo gëtt, si konzipéiert ginn, fir 40 Joer ze funktionéieren. Elo steet u beim Modell vu Cattenom, déi 1300 Megawatt Reakteren, datt d'Lafzäit ëm 10, respektiv iergendwann nach emol ëm weider 10 Joer soll verlängert ginn, an et ass ganz kloer, wat de Reakter méi al gëtt, wat en technesch méi ufälleg gëtt."

Deen eelste Reakter steet iwweregens an der Schwäiz, zu Beznau, deen huet bal 60 Joer an u Pensioun ass net ze denken, well och do gëtt d'Lafzäit nach eng Kéier verlängert.

D'Invitéen

Roger Spautz

Responsabel fir Nuklearenergie bei Greenpeace

Fënnt, datt Sécherheetsproblem vun Atomzentralen net geléist ass an dat dës méi geféierlech ginn, wat se méi al sinn

RTL

François Bausch

Deputéiert vun déi Gréng, fréiere Minister

Huet en Oppene Bréif un de Premier publizéiert, mat ekonomesch rationalen Argumenter fir déi Erneierbar- a géint d'Atomenergie

RTL

René Winkin

Ekonomist, Direkter FEDIL

Gesäit an der Atomenergie eng wichteg Bréckentechnologie

RTL

Lou Linster

President JDL (Jonk Demokrate Lëtzebuerg)

Huet entgéint der Mammepartei DP de Virstouss vum Premier begréisst

RTL