Wäertvollt Liewen: de Portrait vun der Famill Scheer
Zesumme mam Jean-Marc a mam Jill kämpft d’Nathalie Scheer schonn 18 Joer géint d'Krankheet ALS. Am 2. Deel kuckt de Jimmy Martin op 35 Joer Karriär zeréck.
De Portrait: Nathalie a Jean-Marc Scheer
2014 war d'Joer vum Ice Bucket Challenge, d'Iddi dovun war fir op eng seele Krankheet, ALS opmierksam ze maachen. Deemools hu vill Leit fir d'éischt vun där Krankheet héieren. ALS steet fir "Amyotroph Lateralskleros" an ass eng Krankheet géint déi et bis haut keng Heelung gëtt. D'Liewesdauer no der Diagnos läit an de meeschte Fäll ëm déi 3 bis 5 Joer. D’Jenny Fischbach huet eng Famill getraff, d'Nathalie, de Jean-Marc an d'Jill Scheer, fir déi d'Krankheet ALS zum Alldag gehéiert a mat där si op eng bemierkenswäert Manéier geléiert hunn ze liewen.

Wéi virun iwwer 18 Joer d'Diagnos ALS fir d'Nathalie koum, haten d'Dokteren dem Nathalie net méi vill Zäit ginn fir z'iwwerliewen. Den Zoustand vum Nathalie hat sech deemools och séier verschlechtert. Mee weder d'Nathalie, nach hire Mann Jean-Marc wollten d'Krakheet mat der fataler Prognos einfach esou hinhuelen a hunn decidéiert fir zesummen dogéint ze kämpfen. Haut sinn si, zesumme mam Jill, eng Famill, déi probéiert aus all Moment dat Bescht ze maachen an hunn souguer eng Associatioun gegrënnt "Wäertvollt Liewen", mat där si Betraffenen hëllefen.
Wat ass ginn aus dem... Jimmy Martin?
Säin Image als Rocker fleegt den Jimmy Martin zënter 35 Joren. Hien huet viru kuerzem eng Compilatioun mat senge bekannteste Singles erausbruecht. Um Album fënnt een do ënnert anerem "Drivin' through the pouring rain" aus dem Joer 1994 oder ee vu sengen éischten Hits "Leaving it all behind" aus dem Joer 1986 erëm, awer och "Love Somebody" mam Rick Springfield vun 2006 a rezent "Flames" mam Maria Kissimov.

D'Zäit vum wëlle Rockstarliewen ass zwar laanscht, mee de Spaass um Rock an d'Léift fir d'Musek ass bliwwen. De Jimmy Martin kuckt mat vill Nostalgie an Humor op déi grouss Momenter zeréck, seng Tour duerch Amerika an den 80er, säin Optrëtt am Zénith zu Paräis an natierlech seng Participatioun bei der Eurovisioun.
Mënschen a Geschichten, den neie Sonndesmagazin, zweemol am Mount sonndes um 19 Auer op der Télé.