De Lucien Czuga schwätzt iwwer de Superjhemp an nei BD-Projeten. Ausserdeem: d'BD "Fortification(s)" an 3 Lëtzebuerger Bicher vu Pohu, Helminger, Kayser.

Zesumme mam Roger Leiner huet de Lucien Czuga de Superjhemp op d’Welt bruecht. Och nom Doud vu sengem Frënd, hält hien de Souvenir un de Lëtzebuerger BD-Held waakreg, schafft awer och mat aneren Zeechner un neie Projeten.

De Joël Seiller huet d’BD „Fortification(s) » gelies an där mat verschiddene Stiler d’Geschicht vun der Festung Lëtzebuerg festgehale gëtt.

A mir stellen dräi nei Lëtzebuerger Bicher vir vun Antoine Pohu, Guy Helminger a Joseph Kayser, an där all Auteur sech op seng Manéier mat der Sich no der Identitéit ausenanersetzt.

No Art on Air aus der Nationalbibliothéik, presentéiert vum Loïc Tanson.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

Wiwinius
No Art
Heintz
Video No Art Liz Heintz