Invitée: D'Elisabeth Schilling - ausserdeem déi nei Galerie Reuter Bausch an d'Expo "Derniers Feux" vum Yvon Lambert.

Di éischt Invitée am neie Joer ass Dänzerin a Choreographin Elisabeth Schilling. Leschte September huet si den Danzpräis gewonnen, an och dëst Joer ass voll gepaakt mat Projeten di si den Owend virstellt.

D’Claudia Kollwelter war um éischte Vernissage vun  der ganz neier Galerie Reuter Bausch an der Stad, an zielt eppes iwwert d’Konzept vun dëser jonker Galerie.

De Joël Seiller daucht an d’Welt vum lëtzebuergesche Fotograf Yvon Lambert an, deen den Ament seng Fotoserie iwwert d’Arbed mam Titel «Derniers Feux» an de National Archiven weist.

No Art On Air aus dem Gudde Wëllen presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.