Invité: De Paul Lesch, ausserdeem d'Cité de l'image Klierf an d'Plattform La Cinetek.

Den Alfred Hitchcock gehéiert zu de gréisste Filmregisseuren aus dem 20te Joerhonnert. De Filmhistoriker Paul Lesch ass e passionéierten Hitchcock-Kenner an huet eng impressionant Sammlung ronderëm den englesche Kult-Regisseur opgebaut. En Deel dovunner kann een den Ament am Cercle Cité an der Stad gesinn.

D'Patricia Baum hëlt eis mat an d'Cité de l'Image op Klierf, wou nieft der Family of Man nees eng intressant Foto-Expo ass.

An d'Valeria Wiwinius war an d'Stater Cinémathéik a stellt d'Plattform "La Cinetek" vir.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.